
Déi aktuell Energiekris weist, wéi eng Auswierkungen et huet, wa mer ofhängeg vu fossillen Energieträger sinn, ënnersträicht den Direkter vun der Klimaagence, de Fenn Faber.
Dovunner wëll ee sou séier wéi méiglech fort an d'Gemenge paken do och eng Hand mat un.
"Generell kann ee soen, dass praktesch all d'Gemengen am Klimapakt engagéiert sinn. Et ass kloer, datt all Gemeng och bëssen hir eege Vitess huet. Et ass an deem Sënn och e Virdeel vum Klimapakt, datt ee sech seng Ziler selwer gëtt. Et ass wierklech zefriddestellend beim Ist-Zoustand, datt d'Gemenge gutt virukommen an dass se all no hire Moyenen och Progrèse maachen."
Ënnert deene 47 Gemengen, déi ausgezeechent goufen, sinn der 15, déi an der héchster Kategorie ukomm sinn. Dat si mat der Stad Lëtzebuerg an Esch déi zwou gréisste Gemengen aus dem Land, mä an där selwechter Kategorie sinn awer och bësse méi kleng Gemengen wéi Klierf, Ell, Lëntgen, Tandel a Wolz.
Si kruten déi international Gold Zertifikatioun. Dat ass en Zeeche fir en exemplareschen Engagement.
"Dat bedeit einfach, dass een duerch d'Bank iwwerall iwwerduerchschnëttlech staark geschafft huet. Et muss een och wëssen, datt all zwee Joer d'Krittären eng Kéier bëssen ugepasst ginn. Dat heescht, wann ech mech elo haut mat 75 Prozent zertifiéiere loossen, da geet dat an zwee Joer net méi duer. Dat heescht, et muss ee sech kontinuéierlech do verbesseren an déi Zertifikatioun gëtt engem och d'Méiglechkeet fir deen héchste Subsidesaz ze kréien fir zukünfteg Projeten ze kofinanzéieren."
Fir d'zweete Kéier gouf et dës Kéier eng Solar Challenge, wou d'Gemenge sech ënnertenee kënne moossen. Hei haten 90 Gemenge matgemaach. Eng vun de Gemengen, déi do ganz gutt ofschneit ass Nidderaanwen.
Präisser goufen et awer och fir Colmer-Bierg an Esch.