
E Freideg den Owend huet d'Police, op Uerder vum Parquet, zu Suessem Alkoholkontrollen duerchgeféiert. Tëscht 22 an 23:30 Auer hunn 230 Automobiliste musse blosen. A 7 Fäll war den Test positiv. 3 Avertissement taxés a 4 Procès-verbaux goufen ausgestallt, zwee Fürerschäiner sinn op der Plaz agezu ginn.
Tëscht 00:30 an 2 Auer war och zu Déifferdeng eng Parquetskontroll. 59 Chauffere si getest ginn, 4 haten ze vill gedronk. Nieft engem Avertissement taxé an 3 Procès-verbaux waren op der Plaz dräi Fürerschäiner fort.
Kuerz virun 22 Auer war e Freideg Owend zu Esch-Uelzecht enger Patrull e Gefier opgefall, dat no enger rouder Luucht esou staark beschleunegt hat, dass de Won bal ausgebrach war. De Chauffer, deen doropshi kontrolléiert gi war, hat ze vill gedronk an ass säi Permis lass.
An der Nuecht op e Samschdeg ass géint 2:30 Auer op der Escher Autobunn A4 op der Héicht Steebrécken en Automobilist gemellt ginn, deen a Schlaangelinnen ënnerwee war. De Won konnt ermëttelt ginn, de Chauffer hat ze vill gedronk an huet säi Fürerschäin mussen ofginn.
Wéineg méi spéit war der Police um Stater Verluerekascht e Gefier mat engem Platten opgefall. Och dee Fuerer hat ze vill Alkohol am Blutt a war de Permis dono lass.
E Samschden de Moie fréi géint 5 Auer war dann zu Suessem nach en Automobilist opgefall, deen op enger Tankstell e Potto getéckt hat. Och an deem Fall war den Alkoholtest positiv an de Fürerschäin fort. A sämtleche Fäll sinn och Protokoller geschriwwe ginn.