Tëscht Grillwurscht a GromperekichelchenWat ass de Bestseller op der Oktav? Mir hunn um Knuedler nogefrot

Philippe Dondelinger
Tëscht Grillwurscht, Gromperekichelcher a séisse Schneekereie weist sech um Oktavsmäertchen um Knuedler och dëst Joer: Vill Visiteure komme virun allem fir déi Goûten zeréck, déi si mat Traditioun verbannen.

De Knuedler ass wärend der Oktav nees voll mat Liewen. Gerécher aus der Kichen, Musek, vill Leit an eng Stëmmung, déi fir vill Lëtzebuerger einfach zum Fréijoer dozou gehéiert. Mee tëscht all deene Stänn stellt sech all Joer déi selwecht Fro: Wat gëtt eigentlech am meeschte kaf?

Mir si fir Iech iwwer de Mäertchen trëppele gaangen an hu bei de Leit an de Besëtzer vun de Stänn nogefrot, wat dëst Joer déi grouss Favoritte sinn.

Grillwurscht bleift e Klassiker, Gromperekichelcher erënneren un d'Kandheet

Et ass séier kloer ginn: D'Grillwurscht bleift fir vill Visiteuren e feste Bestanddeel vun der Oktav. "Eng Grillwurscht mat Moschter – dat gehéiert einfach dozou", erzielt eis e Mann mat engem Laachen. Bei engem Grillstand heescht et, datt d'Grillwurschte quasi ouni Ënnerbriechung iwwer d'Théik ginn.

Anerer schwätze vun Traditioun, déi si all Joer widderhuelen. Och hannert de Comptoire gëtt dat confirméiert. Mee och déi, déi et léiwer séiss hunn, kommen um Knuedler op hir Käschten. Besonnesch gebrannten Nëss a Popcorn schéngen owes vill Leit unzezéien.

An da gëtt et nach déi grouss Traditioun vum Mäertchen: d'Gromperekichelcher. Vill Leit verbannen domat Kandheetserënnerungen an déi speziell Atmosphär vun der Oktav.

"Vill komme just dofir", erkläert eis e Verkeefer. Dacks ass et net nëmmen de Goût, mee och de Geroch, deen d'Leit spontan stoe bleiwe léisst.

Méi wéi nëmmen Iessen

Bei de Gespréicher um Knuedler ass séier opgefall: Et geet hei ëm vill méi wéi nëmmen eppes z'iessen. Fir déi eng ass et Traditioun, fir anerer eng Gewunnecht aus der Kandheet. Verschiddener probéieren och gär all Joer eppes Neies aus.

A genau dat mécht d'Oktav aus: eng Mëschung aus Stëmmung, Erënnerungen a Goûten, déi vill Leit mat dëser Zäit vum Joer verbannen.

E klore Gewënner gëtt et deemno um Enn net. Mee, wann een e Fazit misst zéien, da leie virun allem Grillwurschten a Gromperekichelcher och dëst Joer nees ganz vir.

D'Oktav um Knuedler bleift domat virun allem eent: e Fest fir de Goût a fir jiddereen.

Back to Top
CIM LOGO