CGDIS-BulletinFënnef Blesséierter bei Accidenter op eise Stroossen

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdegmoie goufen et zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten op eise Stroossen.
© Laurent Weber

Kuerz no 6 Auer krut en Automobilist mat sengem Gefier op der N5 tëscht Rodange an Aubange eng Mauer ze paken. D'Pompjeeën an d'Secouriste vu Péiteng waren hei am Asaz.

Géint 6:30 Auer ass dann en Auto tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz an d'Leitplank gerannt. D'Pompjeeë vu Réiser a Beetebuerg waren hei op der Plaz, grad ewéi d'Ambulanciere vun Diddeleng.

Am Laf vum Dënschdegmëtteg, respektiv Nomëtteg, gouf et dann nach weider Accidenter: Géint 13:20 Auer ass an der Märeler Strooss an der Stad eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn a gouf vun de Stater Secouriste versuergt.

Kuerz viru 16 Auer dann en Accident um CR108 tëschent Stengefort an Äischen: En Auto an e Motocyclist sinn net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert, d'Stater a Stengeforter Rettungsekippe waren am Asaz.

E weideren Asaz fir d'CGDIS-Ekippe vun Diddeleng an Hesper gouf et dann um 16:10 Auer um CR226 tëschent Izeg an Hesper. Hei sinn zwee Autoen aneneegerannt, eng Persoun gouf verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO