
Wéi d'Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, haten d'Flamen den Daach scho staark beschiedegt. An den Asaz geruff goufen d'Pompjeeë vu Clierf, Alebesch an Nordstad, grad ewéi Ambulanze vu Wolz an aus der Nordstad. Dem CGDIS no gouf et keng Blesséierter.
Réngel läit an der Gemeng Esch-Sauer.