
Déi endgülteg Decisioun doriwwer, wien den nächste Staatschef gëtt, kéint viraussiichtlech awer eréischt an enger Stéchwal den 8. Februar falen.
Knapps 11 Millioune Leit hunn dierfen un de Walen deelhuelen, dorënner och Portugisen zu Lëtzebuerg. Am portugisesche Konsulat an der Stad waren d’Walbüroen zanter e Samschdeg de Moien 8 Auer op. E Vertrieder vum Konsulat sot e Samschdeg de Moien, et wieren deen Dag scho “vill méi Leit hei fir ze wielen, wéi bei de leschte Walen”.