Trotz PetitiounZu Lëtzebuerg ginn d'Bankefraisen net méi bëlleg

RTL Lëtzebuerg
Et kann ee Privatentreprisen net zwéngen, méi ze maachen, heescht et aus der Kommissioun.
© RTL Grafik

Nom ëffentlechen Debat vum 21. Juni, ware um Freideg Vertrieder vun der Banken- a Bankenassociatioun ABBL a Vertrieder vun der CSSF, der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur an enger "Commission jointe" vun der Chamber.

Déi parlamentaresch Kommissioune fir Finanzen a Budget, Wirtschaft, Konsumenteschutz a Famill an Integratioun souze mat hinnen a mat de Ministère fir Finanzen- a Konsumenteschutz zesummen an hu misste feststellen, datt et bei de Banke kee Wëlle gëtt, fir ze bougéieren.

Extrait Franz Fayot

De President vun der Kommissioun fir Wirtschaft a Konsumenteschutz, de Franz Fayot erkläert, datt et kloer erauszehéiere war, datt d'Visitten an de Guicheten däitlech erofginn. Um Territoire vum Land géif awer nach eng gutt Couverture bestoen, wat d'Guicheten ugeet. Wann d'Leit also wëllen Operatiounen an de Guichete maachen, kënne si dat och. Déi Fraisen, déi d'Clienten an de Guichete gefrot ginn, gi just duer, fir d'Fraise, Haaptsaach vum Personal, vun de Banken ze decken. Dobäi huet een eraushéieren, datt keng Bereetschaft do wier, fir vill ze änneren.

Et wier een net honnertprozenteg zefridde mat där Äntwert, seet den LSAP-President nach, ma et wier een hei an enger Matière, wou et ëm Privatbetriber géif goen an déi kéint een net forcéieren, méi ze maachen, wéi dat, wat se elo maachen. Dat heescht de Leit, déi net sou gutt mat der Technik eens ginn, ze hëllefen.

Bei der CSSF gëtt et awer e Comparateur, wou een d'Tariffer ka vergläichen. Deemno kann ee sech dann als Konsument déi Bank eraussichen, déi am bëllegsten ass.

Back to Top
CIM LOGO