
Um Dag vum Vott am Europaparlament, datt och vegan Produite Bezeechnunge wéi Schnitzel, Wurscht oder Burger dierfe behalen, muss d'Santé de Vegane Mühlen Cordon Bleu mat Sojaprotein vun der Mark Rügenwalder Mühle zeréckruffen. Do kéinte Friemkierper aus Plastik dra sinn. Betraff sinn d'Produiten, där hiren Oflafdatum vum 15. bis den 25. Juni inclus geet.