E Sonndeg ass et beim Saarland Trofeo, enger internationaler Vëloscourse vun de Junioren, zu enger gréisserer Chute komm. Wéi op engem Video op de Soziale Medien ze gesinn ass, war een eelere Mann mat sengem Rollator vun der Säit queesch an de Peloton gefuer. Wärend ee vun de Coureuren nach esou just auswäiche konnt, war fir de Lëtzebuerger Maximilien Outlet hannendrun näischt méi ze maachen.
Hien ass mat voller Vitess an de Mann um Rollator gerannt an huet sech dobäi mat sengem Vëlo iwwerschloen. Den Outlet soll awer zum Gléck just liicht Blessuren an eng Rei Prellungen dervu gedroen hunn, sot de Junior-Nationaltrainer Heiko Lehmann no der Course.
Nieft dem Maximilien Outlet waren och nach fënnef weider Lëtzebuerger Coureure beim Saarland Trofeo dobäi. Dorënner de Ben Koenig, Thijs Koenig, Loïc Gouveia, Dave Cichy an Hugo Lambert. Bis op den Outlet an de Lambert konnten déi aner véier jonk Lëtzebuerger d'Competitioun am Mëttelfeld vun den am Ganzen 142 Coureuren ofschléissen.