Objet op Auto geheitZu Ierpeldeng un der Sauer gouf um Dënschdeg eng Automobilistin attackéiert

RTL Lëtzebuerg
Wéi si duerch d'Rue de la Croix gefuer ass, huet eng Persoun en Objet op hiren Auto gehäit.

Wéi d'Fra stallgehalen huet, fir d'Ëmstänn ze klären, ass den onbekannte Mann op si lassgaangen, huet d'Fra op de Buedem gehäit, si an d'Gesiicht geschloen a si un den Hoer gerappt.

Den Täter ass fort gelaf. D'Fra gouf liicht verwonnt. Si huet Plainte gemaach an d'Ermëttlunge lafen.

Back to Top
CIM LOGO