
Den Dippecher Gemengerot huet e Méindeg de Budget fir d’Joer 2026 ugeholl. Am Fong ass dat keng Nouvelle wäert, ma nodeems et an deene leschte Wochen a Méint zolitte Sträit an der LSAP-DP-Koalitioun, an notamment an der LSAP selwer, ginn hat, war länger Zäit net kloer, ob de Budget duerchkéim. Ma e Méindeg gouf zur Ofwiesslung mol rëm tëscht der Majoritéit an Deeler vun der Oppositioun gestridden an zwar iwwert eng Asbl, déi zu Dippech scho länger fir Diskussioune suergt.
Sven Schaul: “Nee, nee, nee, nee, ech sinn nach net fäerdeg ...” Manon Bei-Roller: “Dach, Dir sidd fäerdeg.” Sven Schaul: “Mir sinn hei an engem Gemengerot a mir kann een hei d’Wuert net ewechhuelen ...” Manon Bei-Roller: “Dir sidd fäerdeg.” Sven Schaul: “An d’Buergermeeschtesch ka mech hei och net erausgeheien. Si huet ee Pouvoir de police ...” Philippe Meyers: “Wann Dir net gläich de Mond haalt ...” Sven Schaul: “Also, wësst Der ...”
Gewosst ass op alle Fall, datt et ëm d’Zesummeliewen am Dippecher Gemengerot net zum Beschte steet. Schold dorunner ass ironescherweis d’Asbl “Vivre Ensemble dans la commune de Dippach”. Den Oppositiounsconseiller Sven Schaul vun der lokaler Biergerinitiativ stéiert sech dorunner, datt zanter ronn zwee Joer iwwert déi Asbl Fester bezuelt ginn, déi vun der Gemeng organiséiert ginn. Dat wier awer komplett iwwerflësseg, well d’Gemeng déi Rechnungen och iwwert den eegene Budget bezuele kéint. Dat wier och méi transparent, wéi iwwert eng Asbl ze fueren.
“Da kréien ech eng Invitatioun, sou wéi d’Bierger alleguer eng Invitatioun kréien. Ech wëll dono wëssen, well ech hei an dëst Haus gewielt gi sinn, fir hei an dësem Gremium ze sëtzen, net an enger Asbl, wëll ech gär wëssen, wien ass de Prestataire gewiescht, wien huet déi Sue kritt? Wéi vill gouf bezuelt, wien ass deejéinegen, deen déi Sue kritt huet? An da kréien ech geäntwert, dat musse mer mol an ee Comité huelen.”
Cocasse dorunner wier, datt dee Comité dann och zum gréissten Deel aus Membere vum Gemengerot, dorënner dee ganze Schäfferot, besteet. Den LSAP-Finanzschäffe Philippe Meyers, deen och President vun der Asbl ass, wollt de Reproche vun der Intransparenz awer net gëlle loossen.
“A genau sou gutt mengen ech, datt d’Asbl eigentlech vill méi Transparenz hiergëtt entretemps wéi ee Gemengerot. Am Prinzip kann all Bierger op d’Assemblée générale kommen an e kritt Abléck op d’Konten, déi vun enger Fiduciaire kontrolléiert gi sinn. Mir hunn hei, Merci iwwregens fir deng Mataarbecht Patrick (den CSV-Conseiller Patrick Gesellchen; Umierkung vun der Redaktioun), ee vun der Oppositioun, dee sech bereet erkläert huet, den Trésorier ze iwwerhuelen. Dat heescht all Rechnung, déi bezuelt gëtt, geet mol fir d’éischt duerch d’Hänn vum Patrick seng, äert se validéiert gëtt.”
Et wier ee sech awer bewosst, datt et net optimal wier, datt hien als Schäffe gläichzäiteg President vun der Asbl ass, ma et wier schwéier, eng aner Persoun fir dee Posten ze fannen.
Um Enn gouf mat 9 Jo-Stëmmen, déi vun der LSAP-DP-Koalitioun an déi vun der CSV, géint zwee Nee-Stëmme vun der Biergerinitiativ, ee Subsid an Héicht vun 215.000 Euro fir d’Asbl “Vivre Ensemble” accordéiert.
