ArcelorMittalZu Déifferdeng an um Belval wäerten 216 Plazen ofgebaut ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Stolentreprise hätt dës Zuel bei enger Reunioun mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB e Mëttwoch genannt, mellt d'Lëtzebuerger Wort.
© RTL-Archiv

Uganks Juni war bekannt ginn, datt ArcelorMittal bannent den nächsten dräi bis fënnef Joer ëm déi 260 Plazen ofbaue géif - dat wier elo konkretiséiert ginn op en Ofbau vun 216 Plaze bannent fënnef Joer. Dat wier manner, wéi déi natierlech Fluktuatioun, zitéiert d'Wort d'Entreprise. D'Gewerkschafte géife sech domat awer net zefridde ginn a wéilte Garantien a méi Informatiounen iwwert d'Entwécklung beim Personal.

Et solle keng Leit entlooss ginn, ma duerch Departen déi net ersat ginn a Preretraite Platzen agespuert ginn.

Back to Top
CIM LOGO