LuxDev wëll national Coordinateure rekrutéierenMéi Sue fir déi international Klimafinanzéierung

Michèle Sinner
Lëtzebuerg wëll bis 2030 320 Milliounen Euro fir déi international Klimafinanzéierung zur Verfügung stellen, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes. Dat ass eng däitlech Augmentatioun vun iwwer 30 Prozent am Verglach mat de fënnef Joer virdrun.
© Michèle Sinner / RTL

D’Decisioun, de Budget an d’Luucht ze setzen, gouf scho virun annerhallwem Joer geholl. Ganz bewosst, esou de Minister Serge Wilmes, well ee sech vum deemools neien US-President Donald Trump e Réckzuch aus de Klima-Accorden erwaart huet.

Luxdev wäert national Koordinateuren recrutéieren / Rep. Michèle Sinner

"En plus de Krich an der Ukrain, deen dozou féiert, datt d'Nato vun hire Partnere verlaangt, d'Defense-Capacitéiten extrem an d'Luucht ze setzen. Dat kascht Milliarden. Dat wäert och Lëtzebuerg vill kaschten. Dat war de Kontext, an deem mer déi heiten Decisioun geholl hunn. A mir hunn awer à contre-courant dovu gesot, op meng Propos hin, datt mer nach eng Kéier ëm 100 Milliounen Euro an d'Luucht ginn."

De Minister huet ënnerstrach, datt dës Zommen, mat deene Klima- an Déierenschutzprogrammer am Ausland finanzéiert ginn, an déi Deel vun de Lëtzebuerger Engagementer am Kader vun de Klimakonferenze sinn, sech bei déi Lëtzebuerger Entwécklungshëllef dobäi addéieren. Mat deene Sue solle Communautéiten, déi besonnesch exposéiert sinn, gehollef kréien:

"Andeems mer hëllefen an deene verschidde Regiounen, déi mer weltwäit cibléieren, Ekosystemer ze restauréieren an ze schützen."

Ee Beispill dofir, wéi dat iwwer multilateral Instrumenter geet, ass d’Lëtzebuerger Bedeelegung mat 50 Milliounen um Investmentfong fir de Schutz vum Reebësch.

"Andeems mer awer virun allem déi lokal Communautéite méi staark a resilient maachen, andeems mer hinnen d'Méiglechkeet ginn, sech herno selwer kënnen drëms ze këmmeren, och ëm hir Ekosystemer, mee och méi nohalteg kënnen ze wirtschaften an andeems mer dann domat hir Ekonomie an hir Zukunft méi resilient maachen."

Dat geet och iwwer Zesummenaarbechte mat ONGen oder iwwert bilateral Programmer. D'Zilregioune fir déi nei Finanzéierungsperiod sinn an Europa verschidde Balkanlänner. A Westafrika de Cap Vert an de Senegal, am Oste vum Kontinent de Ruanda a Kenia, a Latäinamerika sinn et Costa Rica, Kolumbien an Ecuador, an a Südostasie sinn et de Vietnam an d'Philippinnen, mee och verschidde Pazifikinsele wéi Fidji.

"Mir hunn och ëmmer gekuckt, datt mer do schonn e Lëtzebuergeschen Anker hunn. Entweder eng Ambassade, oder wou LuxDev vertrueden ass. Well mir wëllen elo sechs national Koordinatoren, Agents à l'environemment astellen iwwer LuxDev, déi an deene sechs Regioune wäerte placéiert ginn, schaffe goen."

Si sollen dann op der Plaz zesumme mat de lokale Partner d'Programmer koordinéieren.

Pressecommuniqué vum Ëmweltministère

Back to Top
CIM LOGO