Dëse Weekend ass et allerdéngs fir d'éischte Kéier, datt Kiwanis Esch/Uelzecht dëst Evenement chapotéiert. Op dësen zwee Deeg kann een eng ronn 700 Gefierer entdecken.
De Gros vun deene steet duerch d’Stroosse vun Zowaasch. An d’A fält awer och eng Expositioun an der desakraliséierter Kierch.
Als Oldtimer gëtt en Auto bezeechent, wann dëse wéinstens 30 Joer al ass. An där Gefierer kann een dës zwee Deeg vill an der klenger Uertschaft no un der franséischer Grenz bestaunen. An d'Organisateuren hunn e grousst Häerz, all Euro, deen erakënnt, gëtt gespent.