
Um Dënschdeg hunn déi Lénk d’Haaptachse vun hirem Plang virgestallt.
Déi Lénk hu sech als Missioun ginn, fir ee bessert Europa ze schaffen, dat als Basis Gerechtegkeet, Ëmweltschutz a Solidaritéit soll hunn, mam Zil een oppent, demokratescht an eko-sozialistescht Europa ze kréien. Do solle besonnesch sozial Rechter iwwert de wirtschaftleche Fräiheete stoen.
Déi 6 Kandidate vun déi Lénk hunn tëscht 25 an 41 Joer. Mat eppes iwwer 30 Joer an der Moyenne ass et déi jéngste Lëscht, déi et bis ewell am Land gouf. An déi Lénk hunn dann och déi jéngst Kandidatin, d’Anastasia Iampolskaia fir den Interview erausgesicht. Si gesäit am Ruck no Riets déi gréisste Gefor an der EU. Ugefaange bei der Migratiouns-an Asylpolitik
“Europa verkeeft sech als eng solidaresch Kraaft, a mir kënnen elo net wielen, wien déi Solidaritéit kritt a wien net. Et dierf net geschéien, dass mir elo mega-kritesch ginn. Do dierf ee kommen, deen aneren net.“
Zentrale Motto ass “Zesummestoen”. Déi Lénk wëllen een Europa ewech vum Profit iwwert dem Sozialen. Déi klassesch Gauche géif, anescht wéi déi Lénk, net méi fir déi Politik stoen.