Brandstëftung?Zeienopruff wéinst Brand zu Féngeg an der Rue Nicolas Margue

RTL Lëtzebuerg
Zu Féngeg an der Rue Nicolas Margue hat et um Méindeg den Owend no 23 Auer bei engem Eefamilljenhaus gebrannt.
© RTL-Archiv

D'Pompjeeën haten d'Feier séier ënner Kontroll. D'Garagëpaart vum Haus gouf beschiedegt.

Brandstëftung gëtt net ausgeschloss.

An dem Kontext freet d'Police no eventuellen Zeien, déi suspekt Persounen oder Autoen am Zäitraum tëscht 22.30 Auer an 23 Auer ronderëm dat betraffent Haus zu Féngeg gesinn hunn, oder soss Informatiounen hunn.

D'Leit si gebieden, d'Police vun Déifferdeng um (+352) 244-53-1000 ze kontaktéieren.

Da mellt d'Police nach e Brand zu Péiteng, wou an der Rue Eucosider e Gefier Feier gefaangen hat. Géint 22 Auer um Méindeg den Owend goufen d'Pompjeeën alarméiert a si konnten d'Feier läschen, éier dëst op aner Autoen iwwergegraff huet. Well Brandstëftung net ausgeschloss gëtt, gouf de Parquet alarméiert an d'Spuresécherung op d'Plaz geschéckt.

Back to Top
CIM LOGO