
Um grousse Museksfestival Francofolies zu Esch huet de CGDIS e Samschdeg insgesamt 58 Persoune missen op der Plaz medezinesch versuergen. Wéi et vum nationale Rettungsdéngscht heescht, huet eng Persoun mat der Ambulanz missen an d'Klinik transportéiert ginn.
Am Laf vum Samschdeg den Owend war et fir en Ament zu enger méi grousser Unzuel u Leit komm, déi Hëllef gebraucht hunn, soudatt den Dispositiv kuerzzäiteg huet missen an d'Luucht gesat ginn an zousätzlech Ambulanzen op d'Plaz gefuer sinn. D'Situatioun hat sech awer séier nees berouegt.
D'Francofolies zielen zu de gréisste Museksevenementer am Land a lackelen all Joer Dausende Visiteuren op Esch.