
An der Schwäiz ass e Sonndeg driwwer ofgestëmmt ginn, ob d'Awunnerzuel vum Land op 10 Millioune Leit begrenzt soll ginn. De Referendum ass um 12:00 Auer e Sonndeg de Mëtteg op en Enn gaangen.
Enger éischter Héichrechnung no hu sech 55 Prozent dogéint ausgeschwat. D'rietspopulistesch Schwäizer Vollekspartei wëll mat der Volleksnitiativ déi an hiren Aen massiv an onkontrolléiert Zouwanderung limitéieren. D'Partei schwätzt vun enger Explosioun vun der Populatioun mat där d'Land iwwerfuerdert wier.
Aktuell huet d'Schwäiz ronn 9,1 Milliounen Awunner. Wann d'Initiativ ugeholl gëtt, misst bei enger Awunnerzuel vun 9,5 Milliounen am Asylberäich a beim Familljennowuess agegraff ginn.