Expeditioun einfach gemaachWéi Bierger hëllefen, mat neien Technologien archeologesch Sitten ze entdecken

Chris Meisch
Mat Hëllef vun neien Technologien an der Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung wëll den INRA onbekannt archeologesch Sitten zu Lëtzebuerg entdecken.
© Unsplash / microgen

Expeditioun einfach gemaach / Reportage Chris Meisch

Vill archeologesch Schätz leien net an engem Musée, mee sinn nach ëmmer ënner eise Féiss verstoppt. Mat Hëllef vun neien Technologien an der Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung wëll den INRA, den Institut national de recherches archéologiques, genee dës Spuere vun der Vergaangenheet besser identifizéieren.

Archeologie valoriséieren, Zougang zur Kultur stäerken

Fir archeologesch Entdeckungen ze maachen, muss een haut net méi onbedéngt raus op den Terrain. Well professionell Archeologen net all Quadratmeter vum Land analyséiere kënnen, setzen si op d'Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung.

"Heritage Quest" ass en internationale Fuerschungsprojet, bei deem jiddereen op sengem Computer oder Smartphone no archeologesche Sitte siche kann. Matmaache kann am Fong jiddereen.

Virkenntnesser an der Archeologie sinn net néideg, erkläert de Maxime Brami, Professer op der Johannes Gutenberg Universitéit zu Mainz:

Sur la plateforme elle-même, il y a des explications, il y a des images qui vous permettent en fait de comprendre ce qu’on cherche spécifiquement et vous allez voir, c’est très simple à utiliser. Le but du projet est en fait de découvrir de nouveaux sites et également protéger les sites qui sont déjà connus dans les régions boisées du Luxembourg.

Erméiglech gëtt dat duerch de sougenannte LiDAR, eng Technologie, déi aus engem Fliger oder enger Dron erof op de Buedem Laserimpulser ausstraalt, fir Distanzen ze moossen. Déi reflektéiert Signaler erginn dann eng detailléiert 3D-Kaart, déi aus onzielege Punkte besteet, sou de Professer Brami:

Ces images sont disponibles pour tout le territoire luxembourgeois sur le portail national. Et donc, sur ces images, il y a le moyen en fait de voir une élévation très précise du terrain, y compris pour des zones qui sont fortement boisées, parce que les images LiDAR sont créées par des impulsions laser, qui passent à travers les feuilles des arbres et donc on peut découvrir des structures comme ça qui sont cachées, qui n'ont jamais été découvertes jusqu’à maintenant.

LiDAR ass iwweregens en Akronym a setzt sech zesummen aus den Ufanksbuschtawe vum engleschen Ausdrock "Light Detection and Ranging".

D'Chance, op bis elo onbekannt archeologesch Spueren ze stoussen, wier dobäi erstaunlech grouss, erkläert de Maxime Brami. An Holland, wou de Fuerschungsprojet entwéckelt gouf, huet d'Bevëlkerung iwwer déi selwecht Plattform schonn Dausenden nei archeologesch Sitten identifizéiert.

Gläichzäiteg war mat der Presentatioun d'lescht Woch och den Ufank vun den Europäeschen Deeg vun der Archeologie. Nach bis e Freideg soll de Public mat 15 Evenementer uechtert d'Land d'Méiglechkeet kréien, sech mat der archeologescher Fuerschung an dem kulturelle Patrimoine zu Lëtzebuerg auserneenzesetzen, sou de Kulturminister Eric Thill:

Geplangt iwwert den INRA, iwwer Muséeën, ASBLen, Gemengen, awer virun allem och ganz vill engagéiert Benevollen, déi op verschiddene Plaze Sitten opmaachen, Féierunge maachen, Workshops maachen, aus der Geschicht erzielen, Saache weisen, déi si selwer fonnt hunn. Dat Ganzt eeben, fir d'Aarbecht vun der Archeologie ze valoriséieren an dofir op dëser Platz och den Zougang zur Kultur ze stäerken, wou d'Archeologie hei zu Lëtzebuerg am Vierdergrond steet.

D'Europäesch Deeg vun der Archeologie ginn all Joer gläichzäiteg a villen europäesche Länner organiséiert a sollen den Austausch tëscht Fuerschung an Ëffentlechkeet fërderen. International gëtt d'Initiativ dëst Joer scho fir déi 15. Kéier organiséiert a vereent mëttlerweil méi wéi 30 europäesch Länner.

Fir Lëtzebuerg ass et eréischt déi zweet Editioun.

De Projet "Heritage Quest Luxembourg" soll viraussichtlech iwwert déi nächst dräi Joer lafen. Leit mat Interessi kënnen iwwer eng Online-Plattform awer elo scho selwer mat der Analys vun de Biller ufänken.

Back to Top
CIM LOGO