Invité vun der Redaktioun (15. Juni)Ben Streff, neien LSAP-Chamberdeputéierten

Annick Goerens
E Méindeg de Moien ass d'LSAP-Fraktioun an der Chamber Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hien huet nach viru fënnef Méint - mat klorer Kritik – säin Job als Parteimanager vun der LSAP un den Nol gehaangen. Zanter leschter Woch sëtzt de Ben Streff awer als neien Deputéierten an der Chamber. Wéi kuckt hien haut op seng Aussoe vun deemools? Wéi geet hien ëm mat den aktuellen Divergenzen an der LSAP-Fraktioun? A wéi eng Schwéierpunkte wëll hien an Zukunft politesch setzen? Dat froe mir den neie Sozialist aus dem Osten. De Ben Streff ass kuerz no 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO