
D‘Police sicht no Zeie vun engem Accident en Donneschdeg de Moie géint 7:30 Auer an der Rue Henri Kirpach zu Mamer. Bei der Kräizung zu der Rue du Commerce an der Rue de Rome ass en 9 Joer aalt Kand op engem Zebrasträif vun engem Auto ugestouss ginn.
De Chauffer soll stoe bliwwe sinn, fir e Kand laanschtzeloossen, huet dunn awer wuel e weidert Kand net gesinn an huet dat dunn ugestouss, wéi en erëm wollt weiderfueren. Den Auto, méiglecherweis e schwaarze BMW X3, war a Richtung Areler Strooss ënnerwee. Op där anerer Stroossesäit soll e wäissen Auto gewiescht sinn an de Chauffer vu genee deem Auto gëtt elo als Zeie gesicht. Dëse war kuerz stoe bliwwen an huet sech informéiert, ob alles OK ass, éier e weidergefuer ass.
Och aner Leit, déi de Virfall gesinn hunn oder Informatiounen zum schwaarzen Auto hunn, solle sech wgl. bei der Police vu Capellen mellen.
Telefon: (+352) 244 30 10 00
E-Mail: Police.Capellensteinfort@police.etat.lu
D'Police preziséiert nach, dass d'Kand éischten Informatiounen no net blesséiert ginn ass.