Schrëtt fir Schrëtt: Pit Kirsch"Si stounge virun der Entscheedung: de Patient oder d'Been."

Lea Schwartz
De Pit Kirsch ass ee jonken an aktive Mënsch: Hie schafft als Fligermecanicien, spillt kompetitive Paintball, schafft a fiert gäre mat Motorrieder a flitt oft mat sengem Monni am ULM-Fliger mat. D'lescht Joer hat hien een Accident, bei deem hie säi Bee verluer huet.
De Pit ass ee vu siwe Personnagen, déi an der Doku-Serie 'Schrëtt fir Schrëtt' begleet ginn.
© RTL Lëtzebuerg

An der Doku-Serie begéine mir de Pit am Rehazenter. De Rehazenter ass dem Pit säin Doheem op Zäit. Zanter deem hien aus der Klinik eraus ass, wunnt hien um Kierchbierg. Säin Alldag ass streng strukturéiert duerch d'Therapien. Hien huet ee Been verluer a léiert nees alles Nei. "Do gesäit een eigentlech wéi verluer een ass, wann ee just ee Been huet.", esou de Pit. "Dass ee sech mat engem Been muss op d'Toilette setzen, dass ee sech mat engem Been Owes muss an d'Bett leeën."

Schrëtt fir Schrëtt: Pit 1
Am Rehazenter léiert de Pit alles, wat hie fir ee Liewe mat engem Bee kënne muss a seng Prothees mécht him Probleemer.

De Pit Kirsch erënnert sech net méi un den Accident. Am November 2025 wëll hien nach séier op eng Tankstell eppes als Foussgänger akafen goen. An erënnert sech als nächst réischt drun an der Klinik ze erwächen - e puer Wochen drop.

Schrëtt fir Schrëtt: Pit 2
De Pit kënnt ëmmer nach reegelméisseg an de Rehazenter a mir gi méi doriwwer gewuer, wat him geschitt ass.

De Pit ass bei senger Mam op Besuch fir ze iessen. Seng Mam erënnert sech un déi éischt Zäit nom Accident, wéi de Pit nach am Koma louch.

Schrëtt fir Schrëtt: Pit 3
Nees Doheem verbréngt hien Zäit mat senger Famill.

Duerch eng Bekannte vum Pit senger Mam gi si vum AVR (Association nationale des Victimes de la Route) gewuer. D'Associatioun steet hinnen a ville Beräicher zur Säit a beréit si och a juristesche Froen. De Pit kann nämlech elo raus aus dem Rehazenter an déi eege Wunneng.

Schrëtt fir Schrëtt: Pit 4
Esou lues fënnt de Pit nees zréck an säin Alldag. Et bleiwen awer vill Froen ze klären.

Kuckt hei nach emol all d'Episoden vun der Doku-Serie 'Schrëtt fir Schrëtt' oder elo och déi eenzel Geschichte beieneen.

Back to Top
CIM LOGO