EU Most WantedIldikó Bódi zanter 3 Joer wéinst Entféierung vu Kand gesicht

RTL Lëtzebuerg
19 Flüchteger stinn aktuell op der EU Most Wanted-Lëscht an eng Persoun dovunner kënnt vu Lëtzebuerg.
Zanter 2023 gesicht vun Europol: d'Ildikó Bódi.
© Police

D'Police deelt op de soziale Medie mat, dass nach ëmmer nom Ildikó Bódi gesicht gëtt. Der 43 Joer aler Fra gi Verbrieche géint Kanner an eeler Leit virgehäit.

Ënner anerem geet et ëm d'Entféierung vun engem Kand a wéinst e puer Fäll, an deene si géint d'Suergerecht a Recht op Visitten, déi vun engem Geriicht festgeluecht goufen, verstouss soll hunn. Nodeems de gesetzleche Wunnsëtz vum Kand dem Papp zougeschwat gi war, ass déi ungaresch Fra am Dezember 2023 mam Kand verschwonnen.

Zënterhier konnt de Papp seng Roll als Elterendeel net ausüben an hat kee Kontakt méi mam Kand. Géint d'Bódi goufen duerfir en europäeschen an en internationale Mandat d'arrêt ausgestallt an zanterhier steet si op der "EU Most Wanted"-Lëscht.

FAST Lëtzebuerg këmmert sech ëm d'Ermëttlunge bei gesichte Persounen a schafft enk mat dem europäeschen Netzwierk ENFAST zesummen.

Back to Top
CIM LOGO