
Zu Uewerpallen ass e presuméierten Déifstall vu Sprit aus engem Trakter gemellt ginn. De Proprietär war e Samschdeg géint 14.30 Auer an d'Hal gaangen, an där seng Trakteren ënnerbruecht sinn. Do huet hien direkt e staarke Sprit-Geroch festgestallt.
Beim Trakter huet hien ënner der Tankëffnung e puer Flecken um Buedem entdeckt. Wéi hien d'Gefier gestart huet, huet d'Tankluucht gewisen, datt den Tank eidel war.
Schonn eng Zäit virdru war et bei engem aneren Trakter vum selwechte Proprietär zu engem änlechen Tëschefall komm. Deemools hat hien der Saach awer keng Suite ginn.
De presuméierten Déifstall gouf bei der Police gemellt.