E Sonndeg an der Gemeng HesperSexuellen Iwwergrëff op mannerjäreg Persoun

Marc Hoscheid
Et wier séier gelongen, eng 17 Joer jonk suspekt Persoun ze identifizéieren, déi eng aner Persoun vu 17 Joer sexuell aggresséiert soll hunn.
An der Gemeng Hesper ass et Sonndeg de Moien zu enger sexueller Aggressioun komm.
An der Gemeng Hesper ass et Sonndeg de Moien zu enger sexueller Aggressioun komm.
© RTL

E Sonndeg de Moien ass et an der Gemeng Hesper zu enger sexueller Aggressioun vis-à-vis vun enger mannerjäreger Persoun komm. Dat deelt de Parquet an engem Communiqué mat.

Den Incident wier an engem Bësch geschitt. Et wier séier gelongen, eng 17 Joer jonk suspekt Persoun ze identifizéieren, déi eng aner Persoun vu 17 Joer sexuell agresséiert soll hunn.

Well et sech ëm aussergewéinlech grave Reproche handele géing, gouf decidéiert, déi verdächteg Persoun an eng zoue Struktur ze bréngen. Well de Centre socio éducatif, kuerz UNISEC, aktuell voll beluecht ass, gouf déi mannerjäreg Persoun an de Prison bruecht.

De Parquet erënnert drun, datt sou laang d’Onscholdsvermuddung gëllt, bis eng Persoun a leschter Instanz verurteelt gouf.

Back to Top
CIM LOGO