Gemeng Tandel feiert 20. GebuertsdagBilan bei de Leit positiv, grouss Pläng fir d'Zukunft

Marc Hoscheid
Wärend d'Gemeng den Ausbau vun der Maison relais virundreift, wënsche sech d'Bierger an éischter Linn een anere Projet.
© Ketty a Rom Hankes

Déi meeschte Leit feieren hiren 20. Gebuertsdag net ganz grouss, ma fir Gemenge schéngen do aner Reegelen ze gëllen. Zu Tandel hu se sech op alle Fall net lompe gelooss, fir 20 Joer Fusiounsgemeng ze begoen. Eng 350 Leit waren e Freidegowend op de Festakt an der Sportshal invitéiert, wou se nieft labbere Gespréicher op der Bün och nach Video-Ausschnëtter vu fréier, aktuell Interviewe mat Bierger a musikalesch Einlage gebuede kruten. 2006 hu sech déi deemoleg Gemenge Baastenduerf a Furen zesummegeschloss, zu Baastenduerf war dee Moment den Ali Kaes Buergermeeschter, deen och deen éischte Gemengepapp no der Fusioun sollt sinn. Hien ass och haut nach frou, datt een dee Schratt deemools gaangen ass.

© Ketty a Rom Hankes

"Wann een dat iwwert 20 Joer kuckt, kann ee roueg soen, datt d'Fusioun ee volle Succès gewiescht ass. Mir si ganz séier ganz enk zesummegeréckelt. Dat war awer och doduerch bedéngt, datt mer virdru schonn eng interkommunal Schoul haten. Mir hunn de Bierger vun der Zukunft zu Tandel an enger Schoul zesummegefouert."

Gesinn d'Bierger dat dann änlech? Am Virfeld vu Fusioune gëtt et jo awer dacks Bedenken.

"Et ass net sou schlëmm, wéi ee sech dat virgestallt hat, et ass an der Rei, et ass d'Zukunft."

"Et ass een net, wéi vill Leit mengen, iwwert den Dësch gezu ginn. Ech hunn nämlech selwer an der Gemeng geschafft an dowéinst kann ech nëmme soen, et ass positiv, ech si ganz zefridden."

"Et ass een ëmmer skeptesch, wann eppes Neies kënnt, mee am Endeffekt weess een awer, datt ee keng aner Alternativ huet, well et kann een hautdesdaags net méi einfach als kleng Gemeng existéieren, da kënnt een zu guer näischt."

"Fir mech ass vill méi Positives bei der Fusioun erauskomm, wéi ech Ufank geduecht hunn. Wéi lo zum Beispill, datt mer zu Furen d'Maison médicale kritt hunn, mat deemnächst der Apdikt, ass eng super Saach. Hätte mer net kritt, wa mer net fusionéiert hätten."

© Ketty a Rom Hankes

Wärend der Feier goufen eng ganz Partie Schnoke vu fréier erzielt, ma et gouf awer och no vir gekuckt. D'Buergermeeschtesch Carole Gils erkläert, wat een nach sou op der Lee huet.

"Eise gréisste Projet ass den Ausbau vun der Maison relais hei um Site. Eis Maison relais ass vill ze kleng, d'Kanner iessen am Moment ënnert net sou flotte Konditiounen, dat ass am Moment wierklech eis gréisste Prioritéit. Natierlech nieft deenen alldeegleche Projeten, déi ee sou huet. Zu Bëttel gëtt een neie Basseng fir d'Kläranlag gebaut an och natierlech aner Projeten, déi wichteg sinn."

Wann ee bëssi bei de Bierger nogefrot huet, wat déi sech da sou fir d'Zukunft wënschen, dann huet een eng gewëssen Tendenz eraushéieren:

"Datt mer d'Leit aus der Gemeng, well se awer wäit ausernee läit, datt d'Leit sech méi no kommen, kenneléieren."

"Et hätt missen een Zentrum kommen, eng Gemeng hei hinner gebaut ginn an ee Sall fir déi ganz Gemeng, déi ganz Bevëlkerung, ee Kulturzentrum."

"Ee grousse Festsall, wou se kënne Baler halen, wou och vläicht d'Musek kann normal spillen, ouni d'Saache mussen ewechzeréckelen, dat wier op alle Fall gutt."

"Se hate jo hei gesot, datt se gären eng Hal hätten, wou se kéinte méi grouss feieren a wou d'Veräiner sech kéinten austoben. Mee ech mengen, dat ass einfach finanziell onméiglech."

D'Buergermeeschtesch géing sech fir d'Veräiner zwar och ee Centre culturel wënschen, mee et hätt een aktuell nach keng Plaz a kee konkrete Projet fir esou ee Gebai.

Back to Top
CIM LOGO