
Géint 12:15 Auer ass tëscht Waasserbëlleg a Mompech en Automobilist bäigaangen an huet sech dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeën an d'Ambulanz vu Mäertert.
Tëscht Sandweiler an Éiter hate sech um 14:15 Auer zwee Gefierer ze pake kritt. Dobäi sinn zwou Persoune verwonnt ginn. Am Asaz waren do d'Pompjeeë vu Mutfert an eng Ambulanz aus der Stad.