PoliceZeienopruff, nodeems en Auto komplett verbrannt ass
Op engem Parking laanscht d'N15, tëscht Heischent a Feelen, bei de Feelener Hecken, ass e Sonndeg am fréien Owend en Auto komplett verbrannt.
D'Ëmstänn sinn net bekannt. D'Police sicht ënner anerem nom Chauffeur vun engem eelere klenge rouden Auto.
All Informatioun ass fir d'Police vun Dikrech um Telefon 244 80 1000.