PoliceZeienopruff no Hausbrand an der Tréierer Strooss um Findel

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg kuerz no 17 Auer stoung en eidelt Haus an der Tréierer Strooss um Findel a Flamen.
© CGDIS

Am Kader vun den Ermëttlunge sicht d'Police no Zeien. Leit, deenen eppes an der Ëmgéigend tëscht 16 a 17 Auer opgefall ass, solle sech um 113 oder per Email spj.es@police.etat.lu mellen.

Op der Plaz waren e Samschdeg d'Pompjeeën aus der Stad a vu Sandweiler. Wärend de Läschaarbechten hate si eng Persoun fonnt, déi am Haus geschlof huet. Se gouf wakereg gemaach a koum onverletzt an d'Spidol. Fir déi genee Ëmstänn vum Brand z'ermëttelen, huet de Parquet eng Enquête ugeuerdent.

Back to Top
CIM LOGO