
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg war e Gebai an der Industriezon Piret um Colmer-Bierg betraff. Déi onbekannt Täter hunn do verschidden Aarbechtsmaschinnen a Material matgoe gelooss.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf dunn an eng Hal an der Industriezon an der Rue Pierre Richardot zu Iechternach agebrach. Wéi d'Police präziséiert, hunn do 4 Firmen hire Sëtz. Ënner anerem gouf e schwaarze Ford Fiesta mat den däitsche Placke BIT-AV93 geklaut.
D'Police mécht am Kader vu béiden Abréch en Zeienopruff. All Informatioun ass fir de Service Décentralisé de Police Judiciare -Répression Grand Banditisme NORD, per Email op spj.rgb@police.etat.lu oder fir den 113.