No HandgräiflechkeetenZe vill widderspréchlech Informatioune viru Geriicht

RTL Lëtzebuerg
E Mann vun 30 Joer krut e Freideg an enger Affär vu "Coups et blessures volontaires" de Prozess gemaach. Et goufe vill verschidde Versioune vun der Dot.

29/05/2020 BAND Geriicht Kuhlmann 18h30 -ewald-

„Do stëmmt iergendeppes net iwwereneen!", sot e Freideg e President vum Stater Geriicht an dëser Affär. Dem Ugeklote gouf virgehäit, am Mäerz 2018 an am Oktober 2019 an de Rives de Clausen all Kéiers eng Persoun geschloen ze hunn.

Woubäi den 1. Dossier séier gedoe war a bis op Weideres ausgesat gouf, well nach Kolleege vum presuméierten Affer vun haut 19 Joer solle gehéiert ginn. Dat hat de Beschëllegten net formell als säin Agresséier erkannt. Am zweeten Dossier koum et iwwerdeems zu komplett kontradiktoreschen Aussoen.

Kloer ass, dass de Sträit ëm e Glas gedréint huet, dat e Kolleeg vum presuméierten Affer vun 29 Joer viru 7 Méint nuets aus engem Café mat erausgeholl hat, wat de Sécherheetsleit no net hätt solle maachen. Dat méiglecht Affer louch ee Moment um Buedem, duerch eng Aktioun vum Ugekloten.

Fir de Rescht ginn d'Versioune wäit auseneen: De Kolleeg an d'eventuellt Affer soten, dat hätt am Gestreits seng Jackett futti gemaach an eng mat der Fauscht an d'Gesiicht kritt. Fir d'Sécherheetsleit wier de Sträit awer vum presuméierten Affer ausgaangen, an et wier just gestouss oder ewechgedréckt ginn, net awer geschloen. De Beschëllegte blouf bei der Ausso, deen anere Mann wär op de Buedem gefall, wat fir deen net wouer ass.

De Me Lefebvre, säin Affekot, huet dann och net grad 7.000 € Schuedenersatz fir de Client gefrot. Dogéint huet en anere Sécherheetsmann ausgesot, dass d'méiglecht Affer aggressiv a provokant gewiescht wär, den Ugeklote vernannt an deem souguer e klenge "Coup de boule" ginn hätt. „Ech gräife keng Leit un!", huet de Beschëllegten zu Protokoll ginn, ier säin Affekot ënnerstrach huet, dass d'Faite formell kontestéiert sinn. Dem Me Says no wär eng Noutwier vu sengem Mandant zréckzebehalen an de Mann fräizespriechen.

Dacks sinn net genuch Informatiounen an engem Dossier, hei sinn et der ze vill!", huet de Vertrieder vum Parquet säin Dilemma resuméiert. U sech hätt een et hei mat "Coups et blessures volontaires" mat enger Aarbechtsonfäegkeet ze dinn. Et wär zwar net evident, dass eng Noutwier virlouch, sou wéi den Affekot vum Ugekloten et gesinn hat, ma eng Provokatioun wär zréckzebehalen. Doduerch wier eng Strof net aus der Welt, mä se sollt manner héich ausfalen. Eng Geldstrof géif an dësem Fall duergoen.

D'Urteel ass fir de 17. Juni.

Back to Top
CIM LOGO