
De Conseil d’État huet sech drop limitéiert d'Steierreform op hir Konformitéit mat der Verfassung a steierlech Technicitéit z'analyséieren. Op engem kriddelege Punkt kritt de Finanzminister Gilles Roth awer esouguer Réckewand. An zwar wat d'Transitiounsphas vu 25 Joer ugeet, déi fir Leit an der Steierklass 2 sinn virgesinn ass. Déi soll verhënneren, datt Koppelen, an deenen ee vun de Partner méi ewéi dräi Véierel vum Revenu huet, mat der eenzeger Steierklass benodeelegt gëtt. Obwuel en Ënnerscheed tëscht "fréiere" bestueten oder gepacste Koppele an deenen "neien" no der Reform géing entstoen, ass Dispositioun dem Staatsrot no konform ass mat der Verfassung.
D'héich Kierperschaft ass an hirem Avis nämlech der Meenung, datt Steieren op d'Joer berechent ginn an dowéinst relativiséiert se all Iddi vun definitiven Droit acquis. Donieft berifft se sech op eng "konstant" Jurisprudenz vum Verfassungsgeriicht: Fir eng Diskriminatioun oder Ongläichheet tëscht zwee Gruppe virum Recht kënne festzestellen, missten déi zwee Gruppen och vergläichbar sinn, wat hei net de Fall wier.
D'Transitiounsphas géing op objektiven a pertinente Krittäre baséieren, sou nach de Staatsrot. Allerdéngs fënnt en, datt den Auteur vum Gesetzprojet – de Finanzministère – d'Transitiounsphas och hätt d'Durée vun der Transitiounsphas kënne moduléieren a Funktioun vun der Durée vum Bestietnis oder Partenariat.
De Staatsrot huet alles an allem awer sechs formell Oppositiounen ausgedréckt, déi op juristesch Onsécherheeten oder Inkohärenzen zeréckzeféiere sinn. Dës betreffe gréisstendeels Dispositiounen, déi bestueten Net-Residenten betreffen, déi e besteierbare Revenu hei am Land hunn. Dës Pppositions formelles sinn technesch gesinn e bësse komplex, mee dierfen eiser Aschätzung no kee gréisseren Obstakel fir d'Steierreform sinn.
Op d'zivilrechtlech Fro, datt bestuete Leit dem Partner musse finanziell zur Säit stoen, geet de Staatsrot net direkt an, mee e schreift awer, datt am aktuelle System besonnesch de Partner mat niddregem Revenu steierlech benodeelegt ass.
Déi gréisst Menace fir d'Steierreform gräift de Staatsrot awer op. D'Reform soll dem Finanzministère no 2028 eng 850 Milliounen Euro kaschten an d'Joer drop 910 Milliounen. De Staatsrot verweist op den Avis vum Conseil national des finances publiques, dee ganz kloer "succint" wier. Deen hat ënnert anerem drop higewisen, datt duerch d'Steierreform an déi méi héich Defenseausgaben de Budgetsdefizit am Joer 2029 tëscht 2,3 an 2,7 Prozent vum PIB kéint leien amplaz bei 1,1 Prozent. Et sief dann, et géing een déi Käschten duerch Spuermesuren oder méi Recetten kompenséieren.
Bref: well bal keen Apel méi fir den Duuscht do ass, ass d’Bier nach net geschielt.