
Nieft der onduerchsiichteger Präispolitik géifen och ëmmer nees Leit sech bei der Patientevertriedung iwwer e Manktem un Hygiène an den Ambulanz-Taxi an d'Standarde vun de Gefierer beschwéieren.
Vun engem qualitativ héichwäertege Service kéint keng Rieds goen, heescht et en Donneschdeg an engem Communiqué. D'Patientevertriedung fuerdert et missten sou wéi méiglech Qualitéitsstandarde festgeluecht ginn, fir den Equipement vum Auto an d'Formatioun vum Chauffer. Donieft missten d'Ambulanz-Taxien och méi kontrolléiert ginn an et misst eng Plaz geschafe ginn wou Leit reklaméiere kéinten.
Eng aner Fuerderung betrëfft d'Präisser. Hei wënscht sech d'Patientevertriedung eng transparent Tarifpolitik. Et missten eenheetlech a contraignant Tariffer an enger Konventioun mat der CNS festgeluecht ginn.
