ZeienopruffYorkshire Terrier gouf vun anerem Hond zu Iechternach gebass

RTL Lëtzebuerg
D'Police sicht Zeien am Fall vun engem Virfall, deen e Sonndeg géint 23.10 Auer zu Iechternach geschitt ass.
© Police Luxembourg

An der Lëtzebuerger Strooss souz e Mann mat sengem Yorkshire Terrier op enger Bänk an der Géigend vum Busarrêt Belle Vue, wéi en Onbekannte mat sengem Véierbeener a seng Richtung getrëppelt ass. Beim Laanschtgoen huet de mëttelgrousse gro-wäisse Mupp de Yorkshire Terrier gebass. Duerno huet sech de Besëtzer mam Hond iwwert d'Gare a Richtung „Rue des Remparts" duerch d'Bascht gemaach.

Hien ass ongeféier 1,85 Meter grouss, ëm 30 Joer al an hat donkel Kleedung un, déi schonn e bësse méi al ausgesinn huet.

Wien eppes matkrut, ass gebieden, sech bei der Police Dikrech/Veianen ze mellen ënnert der Nummer 244801000 oder per Mail op police.echternach@police.etat.lu. Als Nowéie vun den uergen Iwwerschwemmungen an der Abtei-Stad ass d'Police Iechternach den Ament net per Telefon z'erreechen.

Back to Top
CIM LOGO