
Duerno gëtt d'Presse op engem Point Presse iwwert d'Gespréich informéiert.
"Et gëtt keng Verlängerung, wa kee Grond dofir do ass". Dat sot de Premier Xavier Bettel en Donneschdeg um Pressebriefing nom Ministerrot. Hien hat dann och do ugedeit, datt de britesche Premier Boris Johnson wéilt mat em Kontakt ophuelen, fir de Xavier Bettel vun engem neie Brexit-Deal z'iwwerzeegen.
Eng weider Entrevue ass dee selwechten Dag mam Jean-Claude Juncker och hei am Land geplangt. Béid Politiker solle sech fir een Owesiesse gesinn. Et ass dat éischten Treffen tëscht dem EU-Kommissiounspresident an dem britesche Premier, zanterdeem deen d'Successioun vun der Theresa May iwwerholl huet.