
Et ass natierlech och déi perfekt Geleeënheet, seng Noperen an aner Leit aus dem Uert mol nees ze gesinn oder lokal Perséinlechkeeten a Veräiner ze treffen.
All Duerf organiséiert u sech een eegent - oder och e puer - mol méi grouss, mol méi kleng Buergbrennen. Dacks ginn dofir schonn am Virfeld Holz, Stréi a Gehecks gesammelt - eis al Chrëschtbeemercher zum Beispill - fir op enger grousser oppener Plaz als Zort “Scheiterhaufen” mat engem Kräiz oder enger Buerg verbrannt ze ginn.
Dacks gëtt och e Fakelzuch duerch déi verschidden Uertschaften organiséiert, woubäi d’Fakelen de Koup duerno a Brand setzen. Et ass awer och nach ëmmer Brauch - wann och net méi iwwerall - dass déi fir d’lescht bestuete Koppel oder eng lokal Perséinlechkeet d’Buerg ufänkt.
An der Zäit war d’Buergbrennen exklusiv op “Buergsonndeg”, ma mëttlerweil hu vill lokal Veräiner dëse Rendez-vous och schonn op Samschdeg, oder souguer op Freideg verluecht, wat organisatoresch besser ze geréieren ass. A ville Gemenge sinn et Veräiner wéi zum Beispill d’Scouten, déi sech engagéieren, sou dass och déi méi kleng eppes vun der Traditioun hunn.
Hei fannt Dir d’Informatiounen zum Buergbrennen, sou wéi mir se zejoert eragemellt kruten. Sollt ee Buergbrennen an dëser Oplëschtung feelen, krute mir et bis ewell net matgedeelt. Iwwert de Formulaire um Enn vun der Oplëschtung kënnt Dir eis d’Informatioune matdeelen.
Kursiv geschriwwen: Informatioune vum Buergbrennen 2025
Normal geschriwwen: Aktualiséiert Informatioune mat Datum an Auerzäit vun 2026
________________________________________________
Wou a wéini gëtt dëst Joer de Wanter verbrannt? Schéckt eis Informatiounen iwwert Ären Evenement hei iwwert de Formulaire eran.
Tipp: Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, musst Dir fir d’éischt d’Cookies vum Site acceptéieren.
Zesumme gëtt d’Keelt verjot a symbolesch de Wanter verbrannt. Dat awer net just hei am Land. Och am däitsche Grenzgebitt an op verschiddene Plazen am Frankräich ass de Brauch e Kräiz ze verbrennen e feste Bestanddeel. Am schwäbesch-alemannesche Raum heescht eist d’Buergbrennen zum Beispill “Funkenfeuer”, zu Zürich an der Schwäiz gëtt op “Sechseläuten” de Böögg* verbrannt a bei eise franséischen Noperen ass et d’"fête des brandons”.
*Mir haten an enger éischter Versioun de Böögg als Buerg bezeechent. Méi genee ass dëst awer eng Schnéimann-Figur, déi op enger Holzstruktur festgemaach ass an där hire Kapp mat Freedefeier gefëllt gëtt. Wat et méi séier zu enger Explosioun kënnt, wat de Summer méi schéi soll ginn.

Ursprénglech war d’Buergbrennen oder d’Faaschtefeier en heednesche Brauch a war nach ëmmer am Ufank vum Fréijoer. D’Feier steet symbolesch fir de Retour vum Fréijoer, respektiv d’Verdreiwe vum Wanter. Et ass den Triumph vun der Hëtzt iwwer d’Keelt.
Fréier hunn d’Baueren an d’Wënzer vum Buergbrenne profitéiert, fir d’Wieder virauszesoen: “Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, sou geet en de ganze Virsummer”. Experte soen awer och, dass d’Wuert “Buerg” u sech näischt mat enger Buerg ze dinn huet, mä ass op dat laténgescht Wuert “burere”, also “brennen” zeréckzeféieren.