E Mëttwoch huet d'Situatioun sech berouegt, d'Héichwaasser huet awer Schuet hannerlooss an d'Fro, firwat net éischter gewarnt ginn ass, zum Beispill iwwert de Systeme GouvAlert , eng Handy Applikatioun, déi den Inneministeren am Oktober 2018 lancéiert hat, fir d'Populatioun am Krise Fall z'informéieren.
D'Opraum- a Botzaarbechten zu Ettelbréck si voll am Jumm. D'Kullange gi fräigemaach fir den nächste Reen dëse Weekend. Biller, ewéi déi vun en Dënschdeg, wëll een esou séier net méi gesinn.
Datt de Parking vun de Däichwise méi dacks mat Iwwerschwemmunge geplot ass, ass näischt Neies.
An awer freet esou muncher Visiteur sech, firwat esou vill Leit nach ëmmer mussen iwwerrascht ginn: „Wann d'Gemeng, déi jo weess, datt et reegelméisseg zu Iwwerschwemmunge kënnt, gesäit, do ass esou vill Reen gefall, soll de Parking einfach gespaart ginn. Am Beschte sollt een d'Leit warnen, och wann dat net ëmmer esou einfach ass. Et ass d'Natur, hei kann sech d'Situatioun vun engem op deen aneren Ament komplett änneren.“
Vun Ettelbrécker Säit hätt een e Méindeg am Nomëtte schonn d'Warnung vun enger „Phase pré-alerte“ kritt. Mais mat der Alerte, also der Iwwerschwemmung sëlwer, hätt een eréischt e Mëttwoch gerechent.
„An dësem Fall ass d'Waasser effektiv séier geklommen. Sou séier ass et och hei scho laang net méi geklommen. Dat huet natierlech bewierkt, well et och nach an der Nuecht war, datt et schwiereg war hei de Site nach komplett ze raumen.“
D'Police hat iwwerdeems schonn an der Nuecht probéiert, un d'Besëtzer vun de Autoen ze komme, fir dës ze réckelen. An Zukunft soll dann och besser beschëldert ginn, datt Laang-Zäit-Parken op den Däichwisen e Risk mat sech bréngt.
Firwat awer en Dënschdeg de Moie keng offiziell Alerte vum CGDIS a GouvAlert erausgoung, ass esou muncher engem e Rätsel, et wier awer z'erklären, heescht et aus dem Inneministère: „Et muss een natierlech och soen, datt d'Wierder heiansdo sech anescht entwéckelt, ewéi emol virgesinn ass, an datt mer och do net ëmmer kënne reagéieren. Dat gesäit een och um Beispill vum Tornado d'lescht Joer. Do hätt et och näischt direkt kënnen notzen. Mir schaffen drun, fir Bevëlkerung esou frei an esou gutt ewéi méiglech z'informéieren an z'alertéieren.“
D'Alerte, ewéi an dësem Fall, geet vum Waasserwirtschaftsamt aus weider bei verschidde Gemengen op der Musel, Ettelbréck a Walfer. Gläichzäiteg awer och bei d'Ponts & Chaussée an de CGDIS. Beim leschte gëtt dann d'Decisioun geholl, op a wéi agéiert gëtt.
Egal wéi hofft een zu Ettelbréck, datt an der nächster Zäit d'Waasser do bléift, wou et higehéiert.
RTL NEWS: De Peegel vun der Musel stabiliséiert, sech mat Tendenz no ënnen