Iwwer 10.000 Visiteuren, 150 Riedner an 250 Start-Uppen sinn e Mëttwoch an en Donneschdeg um NEXUS Sommet um Kierchbierg beieneen. Hei solle Betriber d'Méiglechkeet kréien, sech iwwer déi neisten Innovatiounen am Tech-Beräich ze informéieren, ma awer och als Start-up eng Jury vu sech ze iwwerzeegen, esou de Mike Koedinger, Co-Organisateur a Medienentreprener:
Do sinn iwwer déi lescht sech bis néng Méint vun der ganzer Welt Start-uppen ausgesicht ginn iwwert ee Prozess, an do sinn der 250 zeréckbehale ginn. Déi hunn alleguer e Stand an déi pitchen alleguer an dräi Minutten, fir Investitiounen ze fannen, awer och virum Jury fir de Grand Prix ze kréien. De Grand Prix dëst Joer sinn 130.000 Euro Präisgeld a Servicer, déi se kréien.
Esou eng Start-up ass déi vum Jerry Wagner: Mat der Firma Azyro huet hien eng Technologie entwéckelt, fir den diabetesche Fouss-Syndrom ze traitéieren, eng Krankheet, déi duerch een ze héije Bluttdrock d'Nerven un de Féiss kann ugräifen.
De Jerry Wagner erkläert:
Mir si momentan nach an der Phas, wou mer op d'Zertifizéierung waarden. Dat heescht, dat dauert elo nach bis Enn des Joers iert mer kënnen an de Marché goen. An am Fong ass et esou, datt déi Maschinn Magnéitfelder generéiert. An duerch d'Applizéiere vun Antibiotiquen ass am Fong d'Wonn, déi gëtt derangéiert an d'Bakterien am Fong kënnen net weider wuessen. An doduerch ass eng méi séier Heelung effizient.
Et well ee Lëtzebuerg an d'Vitrinn stellen, de Grand-Duché als déi ideal Plaz, fir am Tech-Beräich aktiv ze ginn, sou de Mike Koedinger:
Den Nexus ass do, fir dass Firmae vun der ganzer Welt op Lëtzebuerg kommen, Lëtzebuerg entdecken, eisen Ekosystem kenne léieren an dann dorunner denken, wa se wëllen ausserhalb vun Europa kommen, wa se wëllen en europäesche Siège maachen, dass Lëtzebuerg do ass, dass et eng gutt Plaz ass dofir, dass eng Regierung do ass, déi se accueilléiert mat de richtege Servicer an da kréie mer hei schéin déck nei Boîten op Lëtzebuerg, déi an den nächste Joren da schéi wuesse wäerten.
Vill auslännesch Entreprisen zitt et an de Grand-Duché: Lëtzebuerg géing un d'Potential vun den neien Technologië gleewen an och vill an de Weltraumsecteur an an d'Defense investéieren, esou e puer vun den Argumenter.