Dat gëllt net nëmme fir d’Patienten a Visiteuren, mä och fir d’Personal an d’Dokteren. Net jidderengem gefält dat awer. Rezent wier et heefeg zu Diskussioune virun der Dier vum Spidol vun den Hôpitaux Robert Schuman um Kierchbierg komm, seet de medezineschen Direkter vun den HRS den Dokter Gregor Baertz. Ma et wier awer definitiv just eng Minoritéit vun de Leit, déi d’Reglementatioun net géing acceptéieren. D’Majoritéit hätt Versteesdemech an et wier ee schliisslech och per Gesetz un eng Testflicht an de Klinicke gebonnen.
Fir et de Leit dann och esou einfach wéi méiglech ze maachen, gëtt et direkt virun der Haaptentrée en Zelt, wou kënne bis zu 25 Leit zäitgläich a gratis en Antigen-Schnelltest duerchféieren. An e puer Minutten hu si dann e Resultat a kënnen, wann dëst negativ ass, eran. Kanner ënner 6 Joer sinn awer vun enger Testflicht ausgeschloss.
Mä esou Tester wieren néideg, seet de Gregor Baertz, well den Dag eng 1.800 Leit, eleng duecht d’Haaptentrée eran an eraus ginn. Ma et geet net nëmmen dorëm, datt d’Leit sech selwer schützen, mä och déi fragil Patienten, d’Personal an déi, déi sech net wëllen oder kënnen impfe loossen. Sou solle weider Clusteren evitéiert ginn.
Och d’Personal an d’Dokteren, déi kee vun den 3G erfëllen, musse sech 3 Mol d’Woch teste loossen, ier se hir Aarbecht ophuelen. An esouguer déi stationär Patiente ginn eemol d’Woch getest.
80 Prozent vum Personal vun de Schuman Spideeler si bis elo geimpft. Dësen Taux gëllt esouwuel fir d’Dokteren, wéi och fir d’Soignanten. Mat der Campagne vun der Regierung, wou sech d’Personal an de Klinicke konnt op der Plaz impfe loossen, konnten nach eng Kéier 50 Persounen iwwerzeegt ginn, ënnersträicht de Gregor Baertz.
Trotz dem CovidCheck, wann een an d’Klinik erakënnt, mussen dobannen d’Gestes Barrièren agehale ginn. Dëst wëll geimpfte Leit zwar manner schwéier krank ginn, wa si sech mam Covid infizéieren, mä trotzdeem nach aner Leit ustieche kënnen. Ween op d’Intensivstatioun ageliwwert gëtt, muss awer natierlech an enger Noutsituatioun net fir d’alleréischt emol en Covid-Test maachen.
