
An der Chamber gëtt iwwer e Gesetzprojet diskutéiert. Mir sinn am Deconfinement. Mir kënnen eis nees méi beweegen. De Virus ass awer nach do.
Iwwert e Gesetz soll elo festgehale ginn, wéi déi nei Normalitéit ausgesäit.
Persounen, déi op de SARS-CoV-2 positiv getest goufen, gi weider isoléiert, Kontakter ginn noverfollegt an esou och méiglech Infizéierter a Quarantän gesat.
Dat ass d'Strategie vun der Regierung, fir d'Ausbreedung vum Virus esou wäit et geet ze kontrolléieren.
... wann ee 15 Minutte Kontakt mat enger positiv getester Persoun hat a weder de Mindestofstand vun 2 Meter respektéiert huet, nach d’Maske richteg unhat.
... wann een direkte physesche Kontakt mat enger Sars-CoV-2 infizéierter Persoun hat.
... wann een ouni Protektioun am direkte Kontakt mat infektiéise Sekreter vun enger positiv getester Persoun war.
... wann ee 15 Minutte mat enger positiv getester Persoun an engem zouene Raum verbruecht huet a weder de Mindestofstand vun 2 Meter nach d’ Droe vu Maske respektéiert huet.
... wann een am Fliger am Radius vun zwee Sëtzer eng infizéiert Persoun sëtzen a keng Masken hat. Oder mat der Persoun gereest ass. Bei Personal aus dem Gesondheetssecteur a Membere vum Equipage gëllen zousätzlech Facteuren.
... Persounen aus dem Gesondheetssecteur oder aner Persounen, déi direkt Soinen un infizéierte Persounen duerchgefouert hunn a net déi néideg Sécherheetsmesuren agehalen hunn.
... all Persoun, déi infizéiert ass oder als Kontaktpersoun ermëttelt gouf, kënnt 7 Deeg a Quarantän, ab dem 5. Dag kann e Virustest gemaach ginn.
... wann eng Persoun isoléiert gëtt, dierf se 2 Wochen net eraus, dës Mesure dierf zwee mol verlängert ginn.
... ass eng Quarantän oder een Isolement doheem net méiglech, kann eng Persoun an enger appropriéierter Struktur ënnerkommen.
... déi betraffe Persoune kréien eng Ordonnance, datt se net kënne schaffen, respektiv an d’Schoul goen.
