
Am Lokale mellt de CGDIS eng ganz Rëtsch vun Accidenter zanter e Sonndeg den Owend.
Op der Collectrice A13 a Richtung Péiteng war géint 18.15 Auer en Auto an d'Leitplanke gaangen.
Am Biergof vun der Aire vu Waasserbëlleg erof an d'Duerf war en Auto an de Gruef gerëtscht.
Am Rond-point Iergäertchen an tëscht Pënsch a Boukels gouf allkéiers en automateschen Urgencen-Uruff am Auto ausgeléist.
Bei alle 4 Virfäll mellt de CGDIS, dass eng Persoun blesséiert gouf.
Zu Gaasperech huet et an der Nuecht op e Méindeg dann op engem Chantier gebrannt, an am Rollengergronn hunn d'Pompjeeën eng Wäschmaschinn musse läschen, déi Feier gefaangen hat.
Géint 19:15 Auer gouf et an engem Haus, wat um Houwald eidel steet, och eng Dampentwécklung. Kuerz virun 19:30 Auer huet zu Gréiwemaacher an der rue Boland de Blëtz an en Haus ageschloen.