Am LokalenWeideren Asaz zu Leideleng no Scheierbrand

RTL Lëtzebuerg
Wéi de CGDIS mellt, koum et op e puer Plazen am Land zu klenge Bränn. Och zu Leideleng, wou jo eng Scheier ofgebrannt war, koum et nach emol zu engem Asaz.
© RTL Archivbild

Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, goufen e Mëttwoch den Owend géint 19 Auer Reschter vun Hee aus dem betraffenen Haff ewechgeholl, déi nach ëmmer gedämpt hunn.

Géint 21.45 Auer huet dann nach eng Poubelle zu Sandweiler gebrannt an zu Branebuerg waren d’Pompjeeë fir eng Kontroll ënnerwee, nodeems do en elektreschen Apparat Feier gefaangen hat.

Kuerz no 9 Auer en Donneschdeg gouf zu Fréiseng eng Persoun ugestouss. D’Rettungsekippe vun Diddeleng, Uespelt a Fréiseng waren am Asaz, esou wéi och de Samu aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO