Heure d'actualitéWéi kann de Laangzäitchômage besser bekämpft ginn?

Pit Everling
Et sinn Zuelen, déi erféieren. Bal 8.000 Leit sichen zënter méi wéi 12 Méint no enger Aarbecht.

Wat ka gemaach gi fir de Laangzäit-Chômeuren ze hëllefen? Déi Fro stoung e Mëttwoch an der Chamber am Zentrum vun enger heure d'actualité, initiéiert vum CSV-Deputéierte Marc Spautz.

Wien ass concernéiert?
Dacks sinn et Leit iwwer 45 Joer, dacks gëtt et gesondheetlech Problemer, dacks ass d'Qualifikatioun niddereg. Trotz Hëllefe wier de Revenu net dat selwecht, wéi wann ee schaffe geet, derbäi kënnt d'Selbstwäert-Gefill, sou den CSV-Deputéierte Marc Spautz.

Dat grousst Zil misst d'Reintegratioun sinn, sou de Marc Spautz, fir deen nach méi Initiative musse kommen, fir de Laangzäitchômeuren ze hëllefen. Dat dierft awer net eleng d'Aufgab vun der ADEM sinn, mä och déi vun de Patronen an der ganzer Gesellschaft.

Och de grénge Parlamentarier Carlo Back ass der Meenung, datt de ganze Mesure-Katalog sollt op de Leescht geholl ginn. D'Moossname mussen intensivéiert ginn, confirméiert den zukünftege LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel. Fir d'DP ass et méi sënnvoll d'Beschäftegung ze fërderen, ewéi de Chômage ze finanzéieren, sou d'Deputéiert Carole Hartmann.
D'ADR verlaangt eng individuell a spezifesch Prise en charge bei der ADEM an d'Pirate reege sech op iwwer deels schwéierfälleg a laang Prozeduren. De Sven Clement verweist op eng rezent negativ Erfarung mat der ADEM, wéi eng Persoun bei de Pirate sollt agestallt ginn.

D'Formation continue wier den A an O, esou den Nach-Aarbechtsminister Dan Kersch. Wat him awer  besonnesch Suerge mécht, ass datt Patronen sech heiansdo schwéier di fir Laangzäitchômeuren anzestellen

Mam Zil, de Laangzäitchômeuren ënnert d'Äerm ze gräifen, huet d'CSV zwou Motiounen eragereecht, déi allebéid ugeholl goufen.

Back to Top
CIM LOGO