MouvEco/Chambre des SalariésWéi geet et no der Pandemie weider?

RTL Lëtzebuerg
Wéi entwéckelen sech d'Gesellschaft an d'Ekonomie no der Pandemie? Mat där Fro huet den däitschen Ekonomist Marcel Fratzscher sech an sengem Buch befaasst.
Wéi geet et no der Pandemie weider?
Wéi entwéckelen sech d'Gesellschaft an d'Ekonomie no der Pandemie? Mat där Fro huet den däitschen Ekonomist Marcel Fratzscher sech an sengem Buch befaasst.

De Mouvement Ecologique an d’Chambre des Salariés hunn haut op eng Konferenz agelueden, fir mam Wirtschaftsminister Franz Fayot an dem Spezialist fir Makroekonomie méi genau iwwert de Sujet ze schwätzen.

D’Pandemie wier souwuel gesondheetlech, wirtschaftlech an och sozial katastrophal. An awer wier se eng Chance fir eis Gesellschaft. Sou wier ville Léit bewosst ginn, wei wichteg e gudde Sozialstaat ass.

Marcel Fratzscher, Wirtschaftswëssenschaftler “Da hoffe ich, dass wir zu einem Umdenken kommen, dass wir jetzt nicht Sozialismus brauchen, dass der Staat alles alleine macht, aber dass wir weg von diesem Neoliberalismus kommen, also diesem Irrglauben: Der Markt weiß es immer besser. Wir sehen in der Pandemie das ist nicht so. Wenn es hart auf hart kommt, dann ist der Staat extrem wichtig. “

Och hätt een de Sënn fir Solidaritéit wärend der Pandemie erëmfonnt. Dat beschte Beispill hei fir: D’Léit déi wärend dem éischte Confinement virun d’Dier gaange sinn, fir dem Personal vum Gesondheetssecteur ze klappen.

“Wenn es um die systemrelevanten Berufe geht. Die Menschen, die in der Pflege, die im Gesundheitssystem oder Erzieherin/Erzieher, denen wir applaudiert haben in der Pandemie, jetzt realisieren: Das darf jetzt nicht zu Ende sein. Wir müssen im Prinzip auch da Leistung besser honorieren als wir das bisher getan haben. “

Wat d’ Wirtschaft ugeet huet d’ Pandemie en gewësse Sënn vu Regionalitéit mat sech bruecht. Op elo Maske Made in Luxemburg oder Vakanz Doheem.... Vun enger kompletter Eegen-Produktioun an engem Import/Export-Stop kann den däitsche Wirtschaftsexpert awer nëmmen ofroden.

“Es ist völlig unrealistisch zu denken, dass wir die meisten Dinge wieder einheimisch produzieren können. Selbst in Europa nicht. Deutschland und Luxemburg gehören zu den großen Gewinnern der Globalisierung und auch der europäischen Integration. Da sollten wir sehr vorsichtig sein, dass wir dieser Arbeitsteilung, die es auf globaler und europäischer Ebene gibt, damit nicht schaden. Da wäre niemanden von geholfen.”

Regional a fair produzéiere wier e grousse Fortschrëtt, och am Kampf géint de Klimaschutz. Et dierft een et awer net iwwerdreiwen.

Back to Top
CIM LOGO