KlimawandelWéi eng Mesurë proposéieren d'Oppositiounsparteien?

RTL Lëtzebuerg
Wie freet, wéi een d’Klimakris an de Grëff kritt, stellt och déi sozial Fro. Dat huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg confirméiert.
Klimawandel an d'Propose vun den Oppositiounsparteien
Wie freet, wéi een d’Klimakris an de Grëff kritt, stellt och déi sozial Fro. Dat huet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg confirméiert.

Klimawandel a Propose vun Oppositioun / Rep. Pierre Jans

Mir brauchen e systematesche Wiessel beim Wuesstem, esou déi gréng Ministesch. D’Ekonomie dierft net eleng am Mëttelpunkt stoen. D’Klimaschutz wär eng Chance fir méi Gerechtegkeet, seet och d’Carole Thoma vun déi Lénk. Déi Räich misste méi an d’Responsabilitéit geholl ginn.

"Déi 1 Prozent räichste Leit hu méi wéi duebel esou vill CO2-Emissiounen, ewéi déi 50 Prozent äermste Leit op der Welt. Et ass och eng ekologesch Fro, fir sozial Inegalitéiten auszegläichen."
D'Sich no der individueller Responsabilitéit geet dem Sven Clement vun der Piratepartei op de Geescht. A sengen Aen ass d 'Gesellschaft verantwortlech fir de Klimawandel an et bräicht e kollektiven Effort mam Staat als Zuchpäerd.

Sven Clement: "Mir géifen dofir suergen, dass eise Pensiounsfong nohalteg investéiert, dat heescht ophält a Gas, Pëtrol an aner fossil Brennstoffer z'investéieren. Déi Sue missten hei zu Lëtzebuerg an erneierbar Energien investéiert ginn. Mir hunn dat duerchgerechent. Mat enger Milliard, also fënnef Prozent vum Pensiounsfong, kéinte mir op bal all zweetem Haus Solarenergie installéieren, ouni dass dat eppes géif kaschten. Domadder géife mir bal Energie-autark ginn, wat eise Stroum ugeet."

D'CO2-Steier géif déi Persoune mat klengem Akommes am meeschten treffen, déi dacks op hiren Auto ugewise wären. Den Deputéierte proposéiert eng negativ Steier: Um Ufank vum Joer kréien d’Leit e Budget ausbezuelt a musse sech da bei hirem CO2-Ausstouss andeelen. Soss gëtt drop bezuelt.

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler gesäit d’Awunner als Stroumproduzenten: "Dat heescht u sech: Deejéinegen, deen als Individual-Persoun seng eegen Energie produzéiert, fir duerno ze gebrauchen oder ze verkafen. Dee Prinzip misst méi zu Lëtzebuerg ëmgesat ginn. Dat ass eppes, wat d'Leit verstinn a wou se matmaachen."

D'CSV géing och méi op de Waasserstoff setzen.

D'ADR dogéint wëll virop bremsen. Den Deputéierte Fred Keup erkläert sech esou: "Et leeft den Ament schif, dass mir gesinn, dass d'Regierung mat deene Gréngen op en 1-Millioun-Awunner-Staat zousteiere wëll. Dat ass an eisen Aen an an den Aen vun de Lëtzebuerger ganz irresponsabel. Et ass natierlech och komplett inkompatibel mat der grénger CO2-Politik vun der Madamm Dieschbourg an dem Här Turmes. Wa mir weider deen Turbo-Wuesstem vun eiser Populatioun hunn, da kënnen d'CO2-Emissioune jo guer net erofgoen."

Wat awer changéiert huet: Am Verglach zu viregten Aussoe vum Fred Keup ënnert anerem an der Chamber, erkennt den Deputéierte vun der ADR d'Necessitéit, eppes géint de Klimawandel ze ënnerhuelen un. An och, dass de Mënsch "awer doudsécher eng Roll spillt".

Back to Top
CIM LOGO