
All Joer ass et op ville Plazen am Land aus Sécherheets-, Ëmwelt- an Déiereschutzgrënn net erlaabt, Freedefeier, Wicken oder aner Knupperten op Silvester ofzeschéissen.
Mir haten en Opruff gemaach, wou Dir eis konnt matdeelen, wéi et dëst Joer an Ärer Gemeng gereegelt ass. Net méi spéit wéi de 24. Dezember um 11.15 Auer hate mer aus all Gemeng d’Bestätegung entweder via Mail, respektiv via Telefon matgedeelt kritt. Déi komplett Lëscht, mam Verglach zum Joer virdrun, fannt Dir elo hei ënnendrënner.
Vill vun de Gemengen, déi Freedefeier erlaben, maachen dëst ënner bestëmmte Reegelen oder Restriktiounen, wéi just op verschiddene Plazen oder zu gewëssen Zäitfënsteren. Wéi et an Ärer Gemeng ausgesäit, fannt Dir normalerweis op hirem Internetsite, respektiv hei an der Lëscht beim kuerze Kommentar.
Verschidde Gemenge gi ganz kloer en Zäitraum un, wéini et erlaabt ass, anerer si manner prezis a gi just “Recommandatiounen” eraus, dach wgl. ze verzichten, ouni awer ze soen, et wier definitiv verbueden. Mir hu probéiert et an eiser Lëscht beschtméiglech erëmzeginn, wéi mir et matgedeelt kruten.
Op Nofro hi seet, d‘Police, dass d‘Bestëmmunge fir de Gebrauch vu Knupperten a Rakéiten an all Gemeng am Règlement général de police festgehale sinn. D’Geldstrofen, déi an dëse Gemengereglementer fixéiert sinn, situéiere sech an der Reegel tëscht 25 an 250 Euro. Dat hänkt wéi gesot vun der Gemeng of.
D’Police ass wuel net geziilt op der Sich no Leit, déi trotz Verbuet knuppen. Wéi all Owend patrulléieren awer och Polizisten an der Silvesternuecht. Wann d‘Police illegaalt Freedefeier gemellt kritt, fiert se kucken an da kann et e Protokoll ginn. De Recht reegelen, wann néideg, d‘Justizautoritéiten.
Hei am Land ginn et véier Kategorië vu Freedefeier. Just déi zwou éischt kann ee fräi kafen. Harmloost Geschier aus der Kategorie 1 kritt ee vun 12 Joer un. Fir d‘Kategorie 2 muss ee scho volljäreg sinn an d‘Police recommandéiert beim Gebrauch prinzipiell eng Distanz vun aacht Meter. Et soll ee just zertifiéiert Knupperten a Rakéite kafen an dat och just a Butteker, déi eng Autorisatioun vun der ITM hunn. Do ginn et spezifesch Virgaben, wat d‘Lagerung ugeet: zum Beispill dass de Buedem vum Depot aus feierfestem Material muss sinn, an dass eng Temperatur vu 75 Grad net iwwerschratt däerf ginn. Natierlech gëtt op Silvester geprost, mä wien op Freedefeier wierklech net verzichte kann, soll dofir eng Persoun designéieren, déi näischt intus huet. Besonnesch soll een op Kanner oppassen. A virop ass et de Rappel vun der Police fir kee Knuppert a keng Rakéit an der Hand unzefänken. Et wëll jo kee mat engem grujelegen Accident an dat neit Joer starten.
| Gemeng | 24/25 | - | 25/26 | Detail | |
Ärenzdallgemeng | ❌ | ❌ | |||
Bäerdref | ❌ | ❌ | |||
Bartreng | ❌ | ❌ | |||
Bauschelt | ❌ | ❌ | |||
Bech | ✔️ | ✔️ | Vun 23h45 bis 0h30 | ||
Beefort | ❌ | ❌ | |||
Beetebuerg | ❌ | ❌ | |||
Bettenduerf | ✔️ | ✔️ | Vun 23h45 bis 00h15 | ||
Betzder | ✔️ | ✔️ | Vun 0h00 bis 0h10 | ||
Biekerech | ❌ | ❌ | |||
Biissen | ❌ | ❌ | |||
Biwer | ✔️ | ✔️ | Vun 23h55 bis 00h30 | ||
Bous-Waldbredimus | ❌ | ❌ | |||
Buerschent | ❌ | ❌ | |||
Clierf | ❌ | ❌ | |||
Colmer-Bierg | ❌ | ❌ | |||
Conter | ❌ | ❌ | |||
Déifferdeng | ❌ | ❌ | |||
Diddeleng | ❌ | ❌ | |||
Dikrech | ❌ | ❌ | |||
Dippech | ❌ | ❌ | |||
Duelem | ❌ | ❌ | |||
Ell | ❌ | ❌ | |||
Ëlwen | ❌ | ❌ | |||
Esch-Uelzecht | ❌ | ❌ | |||
Esch-Sauer | ❌ | ❌ | |||
Ettelbréck | ✔️ | ✔️ | Vun 23h45 bis 00h15 | ||
Feelen | ❌ | ✔️ | Am Duerf net erlaabt, 100 Meter ausserhalb OK | ||
Fëschbech | ❌ | ❌ | |||
Fiels | ❌ | ❌ | |||
Fluessweiler | ❌ | ❌ | |||
Fréiseng | ❌ | ✔️ | Opruff vum Schäfferot ze verzichten | ||
Garnech | ✔️ | ✔️ | Vun 0h00 bis 0h15 | ||
Géisdref | ✔️ | ✔️ | Vun 23h30 bis 00h30 | ||
Gréiwemaacher | ✔️ | ❌ | |||
Groussbus-Wal | ❌ | ❌ | |||
Habscht | ❌ | ❌ | |||
Helperknapp | ❌ | ❌ | |||
Hesper | ❌ | ❌ | |||
Hiefenech | ❌ | ❌ | |||
Iechternach | ❌ | ❌ | |||
Ierpeldeng-Sauer | ❌ | ✔️ | Vun 23h45 bis 00h15, wann een Autorisatioun krut | ||
Jonglënster | ❌ | ❌ | |||
Käerch | ✔️ | ✔️ | Vun 23h50 bis 00h20 | ||
Käerjeng | ❌ | ❌ | |||
Keel | ❌ | ❌ | |||
Kielen | ❌ | ❌ | |||
Kiischpelt | ❌ | ❌ | |||
Konsdref | ❌ | ❌ | |||
Koplescht | ❌ | ❌ | |||
Leideleng | ❌ | ❌ | |||
Lenneng | ❌ | ❌ | |||
Lëntgen | ❌ | ❌ | |||
Lëtzebuerg | ❌ | ❌ | |||
Luerenzweiler | ❌ | ❌ | |||
Mäertert | ❌ | ❌ | |||
Mäerzeg | ❌ | ❌ | |||
Mamer | ❌ | ❌ | |||
Manternach | ❌ | ❌ | |||
Miersch | ✔️ | ✔️ | Vun 23h45 bis 0h30 | ||
Monnerech | ❌ | ❌ | |||
Munneref | ❌ | ❌ | |||
Nidderaanwen | ❌ | ❌ | |||
Noumer | ✔️ | ✔️ | Kee Verbuet, mä Recommandatioun ze verzichten | ||
Parc Housen | ❌ | ❌ | |||
Péiteng | ❌ | ❌ | |||
Pëtschent | ✔️ | ✔️ | Opruff ze verzichten, ma et ass net verbueden. | ||
Préizerdaul | ❌ | ❌ | |||
Rammerech | ❌ | ❌ | |||
Reckeng op der Mess | ❌ | ❌ | |||
Réiden/Atert | ❌ | ❌ | |||
Réimech | ❌ | ❌ | |||
Reisduerf | ❔ | ✔️ | Vun 0h00 an 00h30 | ||
Réiser | ✔️ | ✔️ | |||
Rëmeleng | ❌ | ❌ | |||
Rouspert-Mompech | ✔️ | ✔️ | Vun 23h45 bis 00h15 op eege Responsabilitéit | ||
Sandweiler | ❌ | ❌ | |||
Schëffleng | ❌ | ❌ | |||
Schengen | ❌ | ❌ | |||
Schëtter | ❌ | ❌ | |||
Schieren | ✔️ | ✔️ | Vun 23h45 bis 00h15 | ||
Sëll | ❌ | ❌ | |||
Stadbriedemes | ✔️ | ❌ | |||
Stauséigemeng | ❌ | ❌ | |||
Steesel | ❌ | ❌ | |||
Stengefort | ❌ | ❌ | |||
Stroossen | ❌ | ❌ | |||
| Suessem | ❌ | ❌ | Den 31.12.25 huet d’Gemeng preziséiert, et wier komplett verbueden. | ||
Tandel | ✔️ | ✔️ | A Moossen an a Respekt vun der Ëmgéigend | ||
Useldeng | ❔ | ✔️ | |||
Veianen | ❌ | ❌ | |||
Viichten | ❌ | ❌ | |||
Wäiswampech | ✔️ | ✔️ | Vun 23h45 an 00h15 | ||
Waldbëlleg | ❌ | ❌ | |||
Walfer | ❌ | ❌ | |||
Wanseler | ❌ | ❌ | |||
Weiler zum Tuer | ❌ | ❌ | |||
Wëntger | ❌ | ❌ | |||
Wolz | ❌ | ❌ | |||
Wuermer | ✔️ | ✔️ | Vun 00h00 bis 00h15 |