
Enn Juni gouf a Frankräich ee Bioethik-Gesetzprojet ugeholl, deen et elo all de Fraen erlaabt, fir eng PMA ze maachen, also kënschtlech befrucht ze ginn - och de Single-Fraen a lesbesche Koppelen. Dat war e wichtegt Walkampf-Versprieche vum President Macron. Lesbesch Koppele sollen dann och als Elteren offiziell unerkannt ginn. Wéi gesäit d'Situatioun hei am Land aus? Kann ee sech als Single-Fra befruchte loossen? Gëtt dat rembourséiert vun der CNS?
Frankräich ass an der EU mëttlerweil dat 11. Land wat et all de Fraen erlaabt, fir kënschtlech befrucht ze ginn. De Grand-Duché gehéiert och dozou, obwuel Lëtzebuerg awer och dat eenzegt Land an der EU ass, ouni richtegt Gesetz wat déi sougenannte PMAen ugeet, also „procréation médicale assistée“. Hei am Land gëtt sech baséiert op ee Règlement Grand-Ducal vun 2003, erkläert den Dr. Marc Peiffer den Deel vun der Ekipp aus dem CHL ass.
"Mir schaffen net ouni Kader, mir schaffen net ouni Reegelen. Mir kréie vum Ministère am Fong eng Autorisatioun fir déi Saachen, déi mir kënne maachen. An et wier natierlech net onbedéngt eng schlecht Saach, wann iergendwann eng Kéier e richtege gesetzleche Kader géing geschaaft ginn, eng Loi de bioéthique, wéi d'Fransouse se och elo kritt hunn a wann de Legislateur do géing ee fir allemol soen, voilà dat do geet an dat do geet net."
Zu Lëtzebuerg dierfen also och lesbesch Koppelen a Single-Fraen an den CHL goen, fir sech kënschtlech befruchten ze loossen. Et gëtt awer verschidde Critèren, déi een erfëlle muss.
"An de klasseschen Traitementer hunn mer verschidden Limitatiounen. Do ass zum Beispill d'Fécondation in vitro, déi gëtt bis 43 Joer rembourséiert. Do ass am Fong déi eenzeg Limitt, déi d'Krankekeess setzt, ass den Alter vun 43 Joer."
Fir Koppelen, déi Spender-Zelle brauchen, gëtt et donieft awer och nach eng Obligatioun, fir bei ee Psycholog ze goen. Dat concernéiert also souwuel lesbesch Koppelen, déi Sperma brauchen, wéi heterosexuell Koppelen, déi aus engem Grond oder engem Anere keng eege brauchbar Zellen hunn.
"Net well mer mengen, dass déi Koppelen ee psychologesche Problem hunn, mee einfach fir hinnen e bësse Schlësselen ze gi fir déi Froen, déi herno kënne bei deene Kanner opkommen, "wou kommen ech hier?, "wéi ass dat deemools gaangen?". Dass se do schonn e bëssen op ee Wee bruecht ginn, wéi se kënnen am Beschte mat deene Froen ëmgoen."
D'Demandë fir PMAe klëmmt. Dat léicht net just um Zouwuess an der Populatioun, mee och un Fruchtbarkeetsproblemer. Frae kréien engersäits ëmmer méi spéit Kanner a bei Männer ass d'Qualitéit vum Sperma an de leschte Joerzéngten däitlech erofgaangen. Méiglech Ursaache sinn Ëmweltaflëss a Stress, erkläert den Dokter Peiffer. Wéi vill Kanner sinn dann duerch PMAen hei am Land op d'Welt komm?
"Also et si grosso modo 300 Cyclen Inseminatiounen, 700 Cyclen Fécondation in vitro. An da si 500 "transferts d'embryons congelés" gemaach ginn. Dat heescht an enger Fécondation in vitro (IVF), do kritt een Eezellen, déi mam Sperma befrucht ginn an da kritt een Embryoen. A wann et méi wéi een Embryo ass, da gëtt een am Fong frësch agesat an déi aner déi kënnen congeléiert ginn an déi ginn dann au fur et à mesure nees ausgefruer a kënnen dann zu engem spéideren Zäitpunkt nees agesat ginn. Als mat IVF sinn 2019 ongeféier 340 Kanner op d'Welt komm."
Dat vun am Schnëtt 6.000 Gebuerten d'Joer. Lëtzebuerg huet iwwregens keng eege Spermienbank. De Gros vun den Done kënnt aus Dänemark. Natierlech wier et gutt, wann de Grand-Duché och eng eege Spermienbank hätt, mee et huet och e gudde Grond firwat dat net esou ass.
"De Problem ass deen, dass ee muss bedenken, dass an enger Spermienbank eng Rei Donneure sinn, wou déi Koppel, déi Sperma kritt, net weess wien nach alles vum nämmlechten Donneur eventuell Sperma kritt. An déi grouss international Spermienbanken, déi passe ganz gutt op, dass déi net 20x den nämmlechten Donneur an innerhalb vun engem Joer op Lëtzebuerg vermëttelen."
Op engem klengen Territoire hätt een awer forcement keng honnerten Donneuren an deemno misst ee Sperma vum nämmlechten Donneur bei x-Koppele benotzen an dat wier net gutt. Dat wären da vill Kanner Hallefbrudder oder Hallefschwëster, awer ouni et ze wëssen, erkläert den Dr Marc Peiffer, deen ënner anerem och am nationale Fertilitéitszentrum vum CHL schafft.