Déi éischt Schied si behuewen an d'Stroosse scho laang geraumt, mä nach ëmmer kënnen eng Partie Leit net an hiren Haiser wunnen.
Wann een an der Rue Neuve zu Péiteng steet a sech d’Haiser ukuckt, schéngt d’Haus vun der Famill Peters net esou vill Schued dovu gedroen ze hunn. Déi grouss Degâte gesäit een awer hannenaus.
"Mir hunn eist Häerz hei verluer. Mir hunn esou vill geschafft an dësem Haus an dann ass bemol alles fort.", esou de Guy an d'Dominique Peters.
23 Joer hunn d’Dominique an de Guy Peters an dësem Haus gewunnt. Zanter dem Tornado ass hiert Haus awer net méi bewunnbar. De Plafong huet missen ofgestäipt ginn, well e riskéiert anzestierzen.
"Dat ganzt Haus huet sech gehuewen an dann erëm gesat, dat gesäit een un de Rëss an der Mauer.", ënnersträicht de Guy Peters.
Fir mat de Reparature kënnen unzefänken, mussen all déi betraffe Leit op de Rapport vun hirer Versécherung waarden. Dat hätt sech am Ufank gezunn, soen d’Bewunner aus der Rue Neuve. Vill Leit waarden nach ëmmer op eng konkret Äntwert. Bei der Famill Peters huet d’Versécherung d’Rechnungen, déi bis elo ugefall sinn, iwwerholl.
"Et dauert eben e bëssen, mam Kollektivcongé versteet een dat, mee elo geet et a mir hunn Uspriechpartner fonnt."
Wann d’Versécherung net fir de Schued opkënnt, kënne sech déi betraffe Leit un de Familljeministère wenden. 22 Demandë si bis elo erakomm. Dës Dossiere gi vun enger Kommissioun traitéiert, déi de 4. Oktober fir d'éischte Kéier zesummekënnt.
"Demandë kënnen nach bis November eragereecht ginn. Da wäerte mir och wieder Kommissiounen organiséieren, fir dass d’Leit net méi all ze laang musse waarden.", betount de Gilles Rod aus dem Familljeministère.
Fir d’Dominique an de Guy Peters vu Péiteng ass d’Ongewëssheet geschwënn eriwwer. D’nächst Woch kommen déi zoustänneg Statiker a Versécherungsmataarbechter op d’Plaz, fir ze decidéieren, ob d’Haus iwwerhaapt nach ka reparéiert ginn.