D'Hospitalisatioune wéinst Covid-19 sinn den Ament jo niddreg, dat op d'mannst, wann ee mam leschte Wanter oder Fréijoer vergläicht. Richteg entlaascht sinn d'Spideeler den Ament awer net. D'Monica Camposeo war an de Centre Hospitalier Emile Mayrisch nofroen, wéi d'Aarbecht den Ament ausgesäit.
"Ech kann Iech soen, dass et nach geet, ech halen duerch. Mee aner Aarbechtskolleeginne soen Iech vläicht eppes aneres. Si si midd a wéilte gären an e méi normale Rhythmus wiesselen."
Standard gëtt et zanter dem Ufank vun der Pandemie fir Infirmieren an Infirmièren wéi d'Océane Arnoud net méi. Den Ament sinn am Chem 9 Persoune wéinst Covid-19 hospitaliséiert. Op der Intensivstatioun ass keen. D'Linda Bertolino, responsabel Infirmière vum Covid-Stack:
"D'Altersmoyenne läit bei 70 bis 80 Joer. Et handelt sech ëm eeler Patienten, déi net geimpft sinn. Dacks wunne si eleng doheem an hunn och Virerkrankungen."
Vulnerabel Persounen, déi dacks net betreit ginn, an duerch de Raster vun der Impfcampagne gefall sinn. An der leschter Zäit huet den Dr. Serge Meyer, medezineschen Direkter, awer bemierkt, dass och méi jonk Patiente mussen hospitaliséiert ginn.
"Mir hunn hei dräi Persounen, déi tëscht 45 a 55 sinn. Dat sinn dräi Retours de Vacances an allen dräi net geimpft. Do si Leit drënner, déi Diabetis hunn oder Iwwergewiicht. Dat erkläert vläicht, wisou déi Leit éischter an d'Spidol komm sinn, mee mir hate jo och Patienten ouni Risikofacteuren am Spidol."
Ee Patient, deen den Ament am Escher Spidol traitéiert gëtt, ass den Nicola Cumini, 52 Joer al. Hie gouf Ugangs August positiv getest.
"Déi éischt 10 Deeg wou ech de Virus hat, ass et mer zimmlech schlecht gaangen, ech hat tëscht 38,5 an 39,5 Féiwer all Dag, mat Schweessausbréch, Hëtztschwankungen, an sou weider. Zanter en Dënschdeg hunn ech kee Féiwer méi an et geet mer relativ gutt. Ausser dass ech net genuch Sauerstoff kréien, dat hat ech net gemierkt."
Well d'Sauerstoff-Sättegung am Blutt ze niddreg war an den Hausdokter dat bemierkt huet, gouf den Nicola Cumini an d'Spidol ageliwwert.
Eng Hospitalisatioun 10 Deeg nom Ufank vun de Symptomer wier net ongewinnt, esou den Dr. Meyer. Jonk Patiente bleiwen normalerweis méi laang doheem, ier et kritesch gëtt.
Déi schwéier Krankheetsverleef wieren och bei vulnerabele Persounen allgemeng erofgaangen. Esou d'Erfarung vum medezineschen Direkter vum Chem:
"Et schéngt, dass d'Impfung wierklech d'Krankheet ausbremst an déi Leit net mussen an d'Spidol kommen. Ech denken och net, dass mer an eng Katastroph kommen, wéi mer se am November d'lescht Joer haten, ech denken net, dass mer esou eppes wäerte gesinn. Éischter elo eppes méi fréi gesinn. An dann hoffen ech, dass mer mat enger Normalitéit vun Auf und Ab fir de Rescht vum Joer an och dat neit Joer apendelt."
D'Zil ass et, an eng Phas 0 ze kommen, also d'Covid-Patienten a just engem Spidol am Land, nämlech dem Centre national des maladies infectieuses am CHL, ze regruppéieren. Da kann een an de Spideeler nees bei e Standard zeréckkommen.
