58 Kierchen a Kapellen huelen un dëser 10. Editioun deel. D’Zil ass et, de reliéise Patrimoine ze valoriséieren. Net nëmmen dass verschidden Dieren exzeptionell fir de Public opgemaach ginn, mee an 21 Kierchen a Kapelle gëtt och e kulturelle Programm ugebueden. Dat geet vu Workshoppen, Ausstellungen, méi spezielle Visitten, bis hin zu musikalescher Animatioun.
Zu Éileng op der Mess zum Beispill gouf um Freidegowend op en Afterwork an der Kierch invitéiert. DJen hunn hei fir gutt Stëmmung gesuergt.
Zu Kauneref an der Stauséigemeng, um Site ronderëm d’Kapell um Përmesknupp, gëtt dëse Weekend iwwerdeems en Theaterstéck opgefouert. Eng Dosen Acteuren huelen d’Visiteure mat op eng Wanderung duerch d’Joerhonnerten. Gespillt gëtt d’Geschicht ronderëm d’Legend vum hellege Pirmin, deen an der Quell um Përmesknupp seng Ae soll geheelt hunn.
Eng weider Kapell, déi ausnamsweis dëse Weekend op ass, ass d’Loretto-Kapell zu Clierf. Se gouf am 18. Joerhonnert vum Grof vu Clierf gebaut, deen eng Pilgerplaz wollt schafen. Sou konnten d’Leit mat hire Suerge bei d’Maria vu Loretto kommen. De Raum an der Kapell ass am spéide Barockstil, am Rokoko erbaut, an hei fënnt een och vill Blummen- a Planzemotiver.
Um Sonndeg, 2. Juni, kann een nach eng ganz Rei Kierchen uechter d’Land kucke goen. De ganze Programm fënnt een op www.oppekierchen.lu.